Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Anti-Doping Agence kritt méi Moyenen

Lutte géint Doping

D'Lëtzebuerger Anti-Doping Agence kritt méi Moyenen

D'Lëtzebuerger Anti-Doping Agence kritt méi Moyenen. Een zousätzlech Poste géif bei der ALAD geschafe ginn, seet hire President Guy Colas. D'ALAD hätt den Ament manner wéi 1,3 Poste beim administrative Personal, an dat géif net duergoen. D'Regierung hat am Koalitiouns-Accord méi Mëttel fir d'ALAD ugekënnegt.

auto_stories

2 min

Hien hätt de Personalmangel och schonn an enger Entrevue beim neie Sportminister Dan Kersch ugeschwat, sou de Guy Colas. "An do hu mir hien drop opmierksam gemaach, datt mir wierklech e ganz klenge Staff administratif hätten."

D'NADA, déi däitsch Agence, hätt en Departement, wou fënnef Leit just domat beschäftegt si fir Konzepter am Beräich vun der Educatioun an der Preventioun auszeschaffen an ëmzesetzen. "Dovunner kënne mir nëmmen dreemen. Mir maachen natierlech Saachen, zum Beispill hu mir en E-Learning-Programm. Mee dat geet laang net duer", sou de Guy Colas.

D'Lëtzebuerger Anti-Doping Agence huet zejoert am Ganzen 202 Kontrolle gemaach an näischt Verdächteges festgestallt. Op d'Zuel vun de Lizenze gerechent géif een iwwerduerchschnëttlech vill Kontrolle maachen, seet de Guy Colas. D'lescht Joer gouf et kee positive Fall, 2017 zwee Stéck. Normalerweis hätt een ee positive Fall pro 100, genee wéi a Frankräich.

"Wann een elo géif soen: Wa mir Dausend Kontrolle maachen, dann hätte mir fënnef oder zéng positiv Fäll. Ech mengen, dat ass reng Spekulatioun."

Spëtzesportler géife méi dacks kontrolléiert ginn, wéi aner Athleten, seet de Guy Colas. Am sougenannte Grouse Cible wiere momentan 51 Leit dran. Déi Grupp besteet aus Sportler, déi momentan am Elittekader vum COSL sinn, respektiv an der Section des Sportifs d'Elite vun der Arméi. Ënner anerem vill Schwëmmer a Cyclisten. "Déi mussen och hir Donnée de Lokalisatioun uginn, also all Dag eng Stonn, wou mir si kënnen untreffe fir eng Kontroll ze maachen. Doduerch, datt mir d'Leit an dem Grupp op d'mannst eemol kontrolléieren, sinn d'Schwëmmer an d'Cycliste méi representéiert wéi aner Sportler.