Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Sprooch stäerken

Zenter Lëtzebuerger Sprooch

D'Lëtzebuerger Sprooch stäerken

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass virun engem Joer mam Gesetz fir d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen an d'Liewe geruff ginn. En ass ee vun dräi Acteuren - nieft dem Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch an dem CPLL, dem Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.

auto_stories

2 min

De Luc Marteling ass den éischten Direkter vum neien Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

All Acteur huet seng Missiounen, sou den éischten Direkter vum neien Zenter. Et géifen awer evidenterweis Iwwerschneidungen a Collaboratiounen, seet de Luc Marteling. Eng Missioun vum Zenter wier et fir d'Sprooch ze norméieren an dofir géif momentan och un enger kompletter Orthographie geschafft ginn, déi nach dëst Joer soll erauskommen. Eng Grammaire soll méi spéit nokommen. Déi Projete géife mam Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch ofgeschwat ginn, sou de Luc Marteling.

D'Norméiere vun der Sprooch ass eng vun den Aufgabe vun deem neien Zenter, d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen eng aner. An deem Zesummenhang wëllt de Luc Marteling zum Beispill och op social networks zeréckgräife fir Wierder, déi e bëssen an de Vergiess gerode sinn, nees an de Sproochgebrauch ze bréngen. Den däitschen Duden hätt zum Beispill "e relativ flotten Twitter-Account", iwwer deen all Dag e Wuert presentéiert gëtt, sou de Luc Marteling.

LOD.lu eng Prioritéit

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, deen zejoert via Gesetz an d'Liewe geruff gouf, besteet - fir unzefänken - aus deene Leit, déi bis elo um LOD, dem Lëtzebuerger Online-Dictionnaire geschafft hunn an dat och weider wäerte maachen. Ënner aneren Aufgaben, déi den Zenter soll a wäert iwwerhuelen, bleift den Dictionnaire nämlech eng Haaptaktivitéit. Bal 27.000 Wierder stinn an der Tëschenzäit an deem Online-Dictionnaire. De Luc Marteling verréit, no wéi enge Wierder am dackste gesicht gëtt.

An den Top-20 wieren am Prinzip nëmme Verben, ganz uewe steet d'Wuert "goen". Do froe sech wahrscheinlech vill Leit: Kritt den "e" en Trema? Et kritt keen, et brauch een den Trema net. Op Plaz zwee ass "ginn", op Plaz dräi "sinn". Wahrscheinlech d'Fro: wéi vill "n"? Bei de Substantiven, déi u sech manner gesicht goufen, do gëtt et och eng Hitparad. An do ass ganz uewen dat Wuert "Dag", also der Tag. Well Dag, fairerweis sief gesot, schonn zimlech komplizéiert ass, well et just een A an ee G kritt. Net ze verwiessele mat "Daach" (vun engem Haus). Wann ee just een A mécht, si mir bei dach ("Maach dat dach elo"). Schwieregt Wuert.