Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'LSAP huet de Rietspopulismus fir sech entdeckt

Burka-Debatt

D'LSAP huet de Rietspopulismus fir sech entdeckt

Ënnert de Lëtzebuerger Parteien huet sech d'Debatt ëm en eventuelle Verbuet vun der Burka no de Paräiser Attentater verschäerft. Firwat a firwat grad elo schléisst sech d'LSAP dëser Fuerderung vun ADR an CSV un? Fir hir Stëmmeverloschter nees kënne réckgängeg ze maachen hunn d'Sozialisten de Rietspopulismus fir sech entdeckt, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

auto_stories

4 min

Michel Delage

Knapps waren d'Läichen zu Paräis kal, do ass den LSAP-President mat op den Zuch geklomme fir de Ganzkierperschleier ënnert der Form vu Niqab respektiv Burka hei am Land ze verbidden. De Claude Haagen huet sech deemno der Fuerderung vun CSV an ADR ugeschloss. Eng vun deenen zwou Parteie bezeechnen d'Sozialiste regelméisseg als "populistesch". Déi méi kleng vun deenen zwou Oppositiounsfraktiounen an der Chamber huet et sech och net huele gelooss fir sech selwer op d'Schëlleren ze klappen. Wann d'LSAP eis scho Recht gëtt...

Den Etienne Schneider huet mat Recht dozou opgeruff, an Zesummenhang mat de rezenten Attentater net an Hysterie ze verfalen. An engem Fernsehsinterview huet den LSAP-Minister d'Beispill vun engem besuergte Bierger genannt fir deen ee Mann mat Baart op der Strooss Grond genuch war fir d'Police unzeruffen. Hätt et sech ëm eng vun där Hand voll Fraen (16?) zu Lëtzebuerg gehandelt, déi an engem Niqab oder enger Burka gekleet virun d'Dier ginn, wier d'Angscht  - viru wat och ëmmer - da méi berechtegt gewiescht? An den Ae vum Parteikolleg Claude Haagen, wahrscheinlech. An och vun deem sengem Fraktiounschef Alex Bodry. Dee wëll nämlech festgestallt hunn, datt "d'Leit driwwer schwätzen".

D'LSAP setzt op déi neokonservativ Theorie vum "Clash of civilizations"

Wat huet elo d'LSAP geridden? Firwat huet dës Partei grad elo misste fir eng radikal Opfaassung vu Laïzismus antrieden, déi se während de Verhandlunge mat de Kierchen iwwert där hir staatlech Finanzéierung esou net un den Dag geluecht hat? Firwat soll deen zu Lëtzebuerg absolut marginale Phenomen vu Burka oder Niqab op eemol eng Gefor duerstellen, an engem Land also, dat am Géigesaz zu eise Nopeschlänner nëmmen eng kleng moslemesch Minoritéit huet? Firwat gëtt et an der LSAP - ofgesi vun de Jongsozialisten - keen, deen den Ënnerscheed ka maachen tëschent reliéisem Fundamentalismus an Terrorismus? Firwat setzt eng Partei, déi sech selwer zum lénke politesch Bord zielt, op déi neokonservativ Theorie vum "Clash of Civilizations", déi all sozio-economesch Iwwerleeung ausklammert? Firwat steet d'LSAP hannert enger Mesure, déi virun allem als Konsequenz hätt, e Grapp voll Fraen ze stigmatiséieren an doheem anzespären?

D'LSAP steet schonn zënter Joeren ënnert dem Drock vu lénks, dee baussent der Partei vun Déi Lénk an de Kommunisten, a bannent der Partei vun engem lénke Fligel verkierpert gëtt, dee sech nach viru kuerzem ze Wuert gemellt huet. Déi sozialistesch Responsabel wëssen, datt se vu Wahl zu Wahl dowéinst Stëmme verléieren. Se wëssen och, datt se, wéinst hirem Attachement zum an der EU dominante Neoliberalismus, um sozio-economesche Plang net liwwere kënnen a wëllen. Wat also maachen?

De Referendumsfiasko schéngt d'LSAP esou analyséiert ze hunn, datt d'Elektorat, op dat d'Partei mengt ugewisen ze sinn, net esou progressistesch ass wéi een et sech vläicht géif wënschen. Andeems se rietspopulistesch Argumenter benotzte gi sech d'Sozialiste Loft. Den Alex Bodry hat dat scho während der leschter Griichelandkris - ganz volleksno - virgemaach: "Lëtzebuerger Steierzueler" sollte jo net fir d'Griiche bezuelen. Elo muss als Sënnebock duerhale ween e Niqab oder eng Burka dréit. Wat kënnt als nächst?

De Kommentar vum Michel Delage fir ze lauschteren: