Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lydie Polfer schwätzt vun enger "besuergneserreegender Situatioun"

No Ugrëff op der Kinnekswiss

D'Lydie Polfer schwätzt vun enger "besuergneserreegender Situatioun"

Déi privat Sécherheetsbeamte sollen an Zukunft vun dräi Auer mëttes un an der Haaptstad circuléieren, an net wéi aktuell vu fënnef Auer un. Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Mëttwoch virun der Press annoncéiert a vun enger "besuergneserreegender Situatioun" geschwat.

auto_stories

2 min

Foto: Marlène Clement

Dat nodeems um Sonndeg zwou Persounen op der Kinnekswiss vun engem Grupp vun 20 Leit aggresséiert an dobäi schwéier verletzt goufen. Opzeechnunge vun der Dot géifen et keng ginn, well d'Sécherheetskamerae vun der Police op der Kinnekswiss den Ament net géife funktionéieren, kritiséiert d'Lydie Polfer.

D'Lydie Polferplay_arrow

"Dat kann ee jo einfach net esou hin huelen. De VISUPOL hei um Aldringen, deen hu mer och net, deen hate mer ëmmer. An nach eng Kéier, et ass net, datt mer mengen, datt do duerch de Problem geléist wier, nee, mee et ass awer ee Moyen fir d'Police, fir hir Aarbecht kënne besser auszeféieren. Dofir, déi - wéi soll ech soen - déi negativ Attitüd, déi de Ministère vis-à-vis vun deene Kameraen huet, déi ass an dëser Situatioun einfach net nëmmen net ze erklären, mee och net ze acceptéieren."

De Kontrakt mat der Sécherheetsfirma geet aktuell vu fënnef Auer mëttes bis eelef Auer owes. Vu wéini un déi aktuell zwielef privat Sécherheetsbeamte solle vun dräi Auer mëttes un an der Stad circuléieren an ob d'Unzuel u Sécherheetsbeamten dofir misst eropgesat ginn, konnt d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer nach net soen.