Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Macronisten um Terrain

Franséisch Parlamentswahlen

D'Macronisten um Terrain

Dem President Emmanuel Macron seng Partei wäert eng grouss Majoritéit bei de Parlamentswahle kréien. Dozou bäigedroen huet och eng ganz Equipe vu fräiwëllege Militanten, déi all Dag um Terrain fir hire President kämpfen.

auto_stories

3 min

De Guillaume Peyron huet 33 Joer, ass Ingenieur a koum viru véier Joer vu Lyon op Paräis. Bis viru gutt engem Joer konnt hie sech eegenen Aussoen no net wierklech mat enger Partei identifizéieren.

Den Esprit vum Emmanuel Macron sengem eréischt ee Joer ale Mouvement "En Marche" a seng Memberen hätten dat geännert. Virun allem well se alleguerten eppes gemeinsam hätten: D'Iwwerzeegung, den Optimismus an d'Hoffnung, datt sech mam neie Staatspresident eppes wäert änneren.

Engagement, mä wéineg Erfahrung

D'Militante géifen op d'Bierger duergoen an hinnen nolauschteren, an dat géif Freed maachen: "Et si Leit vun iwwerall dobäi: Vill vun hinnen hunn nach ni Flyere verdeelt, Porte-à-Porte gemaach oder Reuniounen organiséiert", esou de Guillaume.

De jonken Ingenieur schafft owes no senger Aarbecht am 13. Arrondissement zu Paräis fir La République En Marche (LREM). Als "Animateur", wéi d'Partei dat nennt. Eleng zu Paräis huet LREM an all Arrondissement e Comité an eng Referenzpersoun.

Strukturen aus dem Näischt eraus

"Als Animateur hunn ech e lokale Comité gegrënnt", erkläert de Guillaume. Sou wier hien a Kontakt komm mat der zoustänneger Referenzpersoun a mat deenen aneren Animateuren.

Domat wier d'Beweegung vum Emmanuel Macron och am 13. Arrondissement lancéiert gewiescht: "Et ass super, well mir all zesummeschaffen. Ech erënnere mech un den Dezember, wéi et äiskal war. Mir sinn zesummen op den Terrain gaangen a waren dono eppes Waarmes drénken."

Net eleng op den Terrain

Am Dräizéngte huet La République En Marche ronn 750 Memberen, esou de Guillaume Peyron. Et kéint ee sech net virstellen, wéi d'Militanten empfaange ginn. Vill Bierger wieren iwwerzeegte Wieler vun der Partei vum President Emmanuel Macron: "Et ass immens, datt mir esou gutt empfaange ginn".

Trotzdeem gëtt de jonke Militant zou, datt dat net iwwerall de Fall ass. Si géifen natierlech och op Bierger stoussen, déi iwwerzeegt Géigner vu La République En Marche sinn. D'Militante kruten dofir an de leschte Woche geroden, net eleng op den Terrain ze goen: "Bis ewell goufen et hei bei eis nach keng schlëmm Aggressiounen. Mä ech weess awer, datt eis Memberen an aneren Arrondissementer ugegraff goufen", esou de Guillaume.

Wat kënnt no der Euphorie?

Nieft hirer Aarbecht um Terrain organiséieren déi fräiwëlleg Mataarbechter vum Emmanuel Macron senger Partei och Zukunftsatelieren. Och de Public soll do kënne matbestëmmen, wéi et no de Presidenten- a Parlamentswahle mam Mouvement soll weider goen. Well d'Partei ass nach jonk a steet an den nächste Méint virun der Erausfuerderung, d'Strukturen ze festegen.


Fir ze lauschteren:

Bäitrag vum Maxi Pesch am Mëttespanorama vum 18. Juliplay_arrow