Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Medienautoritéit ALIA muss hir Plaz nach fannen

Medien

D'Medienautoritéit ALIA muss hir Plaz nach fannen

D’Autorité Luxembourgeoise Indépendante de d’Audiovisuel (ALIA) huet nach keng Geldstrofen wéint Verstéiss vu Radio- an Televisiounsprogrammer géint déi gesetzlech Spillregelen decidéiert. Déi nei Medien-Autoritéit muss hir Plaz nach fannen a setzt dofir den Ament haaptsächlech op Dialog, erkläert den Direkter vun der ALIA Romain Kohn.

auto_stories

3 min

D’ALIA ass zënter hirer Grënnung viru bal zwee Joer fir eng 80 – haaptsächlech auslännesch – Programmer zoustänneg, déi vu Lëtzebuerg senden. D’Iwwerwaachung gëtt op Basis vu Stéchprouwe gemaach. Doriwwer eraus gëtt d’ALIA aktiv, wa se mat enger Plainte konfrontéiert ass. D’Plaintë concernéieren dem Romain Kohn no am heefegste Programmer, déi als net appropriéiert fir Kanner empfonnt ginn a réischt sollte méi spéit am Owend gesend ginn.

D’ALIA gräift och an, wann Inhalter déi mënschlech Dignitéit net respektéieren oder wann se diskriminatoresch sinn. Fir Froen, déi d’Qualitéit oder d’Deontologie vu journalisteschen Inhalter betreffen, ass net d’ALIA, mee de Presserot zoustänneg.

Um Verhalenskodex gëtt geschafft

Mat hire véier Mataarbechter hätt d’ALIA et schwéier, fir nieft dem administrativem Opwand “och mat enger Perspektiv un d’Iwwerwaachungsmissioun erunzegoen”, sou de Romain Kohn. Dowéinst gëtt elo e Pool vun externe Leit opgebaut, déi och déi verschidde Sprooche vun de Sender schwätzen (z.B. ass vill Ungaresch, Serbokroatesch, Hollännesch an Türkesch gefrot). Et gëtt och nach un engem Codex geschafft mat méi konkrete Reegelen, déi vun de Sendere musse respektéiert ginn. Den Ament leet d’Autoritéit vu Fall zu Fall fest, wéi déi gesetzlech Spillregelen an der Praxis applizéiert ginn.

Wann d’ALIA Verstéiss feststellt, setzt se als éischt op Dialog amplaz direkt op Geldstrofen. Véier Mol gouf bis ewell ee “Blâme” ausgeschwat. Zum Beispill hat RTL Lëtzebuerg während enger Emissioun méi Publicitéit gewise, wéi am Concessiounsvertrag erlaabt. Dass an dëse Fäll keng Geldstrofe musse bezuelt ginn, huet dem Romain Kohn no och eppes dermat ze dinn, datt déi nei Autoritéit nach hir Plaz misst fannen. Bis elo géif déi Approche och gutt funktionéieren: d’Sendere géifen ëmmer agesinn, wat falsch gelaf ass an dat änneren.

Net fir Youtube-Videoen zoustänneg

Fir audio-visuell Inhalter, déi op Online-Plattforme publizéiert ginn, ass d’ALIA am Prinzip net zoustänneg. De Romain Kohn mécht drop opmierksam, datt et am Internet – anescht wéi bei de klassesche Medien – dacks schwiereg ass, een editorial Responsabelen ze definéieren (zum Beispill bei der Video-Plattform Youtube). Eng grouss Diskussioun am Kader vun der geplangter neier EU-Direktiv iwwer den europäeschen Televisiounsmarché wier deemno, wéi wäit och Online-Offere mat abezu ginn. D’EU-Kommissioun soll dozou am Fréijoer eng Propose op den Dësch leeën. Et gëtt dem Romain Kohn no e Konsens, dass den Internet och muss iwwerwaacht ginn. Wat nach fehlt, wiere praktesch Léisungsvirschléi, wéi déi Kontroll effektiv ka funktionéieren.