Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Méisproochegkeet ass een Element an der Lëtzebuerger Literatur"

Nei Direktesch vum nationale Literatur-Zenter

"D'Méisproochegkeet ass een Element an der Lëtzebuerger Literatur"

D'Promotioun vun der Lëtzebuerger Literatur - besonnesch den Aspekt vun hirer Villsproochegkeet - ass ee Punkt, deen der neier Directrice vum nationale Literatur-Zenter (CNL) zu Miersch besonnesch um Häerz läit, sou d'Nathalie Jacoby. De Posten un der Spëtzt vun deem Haus war jo ze besetzen, nodeems den Direkter vu bis elo, de Claude Conter, neie Chef vun der Nationalbibliothéik ginn ass.

auto_stories

2 min

Dat wier am CNL awer schonn ëmmer wichteg gewiescht, genee éi hir selwer. Wann een en Discours iwwer Identitéit literaresch wéilt féieren, da kéint een dat nëmmen iwwer d'Méisproochegkeet maachen. "Well dat ass zu allen Zäite vun der lëtzebuergescher Literatur ass dat eppes, wat se auszeechent." D'Méisproochegkeet wier deemno een Element an der Lëtzebuerger Literatur, dat een der Nathalie Jacoby no méi staark no baussen droe sollt.

"Well et gi ganz vill Länner, Kulturen, déi am Moment esou Discourse féieren, fir déi dat awer eppes relativ neies ass. A mir kënnen am Fong soen: 'Mir haten dat ëmmer schonn, fir eis ass dat ganz normal an der Literatur'."

Déi nei Direktesch vum nationale Literaturzentrum Nathalie Jacoby huet den Androck, datt d'Enseignanten hei am Land lues a lues ëmmer méi Interessi dru weisen, och Texter vun Lëtzebuerger Auteuren am Unterrecht ze behandelen. An de verschiddene Sproochen, an deenen hei am Land geschriwwe gëtt. Dobäi kéinten didaktesch Materialen zu verschiddenen Texter hëllefen, déi d'Nathalie Jacoby an de leschte Joren am CNL ausgeschafft huet. Mat där Aarbecht soll och virugefuer ginn, sou déi nei Directrice, fir der Lëtzebuerger Literatur an der Schoul dee Stellewäert ze ginn, dee se verdéngt.

Déi néideg Erfarung

D'Nathalie Jacoby gouf de leschte Mëttwoch am Regierungsrot fir de Poste vun der Directrice vum nationale Literatur-Zenter nominéiert. Si kennt de CNL och ganz gutt, well si déi lescht fënnef Joer schonn als wëssenschaftlech Mataarbechterin do geschafft huet; hallef Zäit nieft hirer Aarbecht als Däitschproff am Lycée Ermesinde zu Miersch.