Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mesurë géint de Coronavirus gi verschaerft

Kampf géint de Virus

D'Mesurë géint de Coronavirus gi verschaerft

D'Leit sollen sou wäitleefeg wéi méiglech doheem bleiwen, Sortien nëmme maache wa se absolut noutwenneg sinn, Restauranten a Baren bleiwen zou, Bibliothéike sinn net méi fir de Public accessibel.

auto_stories

3 min


Déi ganz Pressekonferenz nach emol lauschterenplay_arrow


An engem Pressecommuniqué huet d'Regierung d'Moossnamen nach eng Kéier alleguerten opgelëscht.

D'Butteker géife weider beliwwert ginn an et géif am Beräich Alimentatioun keng Gefor ginn, datt d'Wueren net méi disponibel wieren.

Supermarchéen, Epicerien, an alles, wat fir d'Alimentatioun noutwenneg ass, bleiwen op. Och Apdikten, Optiker bleiwe weider op, genee wéi Zeitungsstänn an Tankstellen. Dat soziaalt Liewe soll op e Minimum reduzéiert ginn, datt esou wéineg Beweegung an der Bevëlkerung ass, wéi néideg.

Um Site vun der Regierung ass ze liesen, datt et mëttlerweil 77 confirméiert Infektiounen zu Lëtzebuerg gëtt. Eng Persoun ass bis elo gestuerwen. (Stand: Sonndeg Owend 19:44)

Fir jidderee gëllt eng prinzipiell Limitatioun vun den Deplacementer, esou de Xavier Bettel. Méiglech Weeër, déi erlaabt sinn:

  • Aarbecht
  • medezinesch Visitten
  • Deplacementer fir anere Leit ze hëllefen
  • Akafe goen
  • Aktivitéiten a fräier Natur

Lëtzebuerger Grenze bleiwen op

D'Produktioun an de Betriber soll garantéiert bleiwen.

Den Delai fir d'Steieren ze bezuele gëtt op de 15. Mee geréckelt.

D'Regierung hätt Kontakter mat de Regierunge vun den Nopeschlänner gehat, sou de Xavier Bettel. Et géife wuel Kontrollen op der däitscher Grenz ginn, mee d'Frontaliere wieren net concernéiert. Lëtzebuerg wier ë.a. am Gesondheetsberäich ofhängeg vun de Frontalieren.

Organisatioun am Gesondheetssecteur ginn optimiséiert

D'Mesuren am Gesondheetssecteur wieren der Situatioun ugepasst, et géif ee wëllen Zäit gewannen, datt de Gesondheetssystem ka funktionéieren. D'Beweegung an der Bevëlkerung soll op e Minimum reduzéiert ginn.

Et wëllt een de Stock ukucken am Gesondheetssystem an dat ënnerteneen ze koordinéieren. D'Leit géife sech ganz vill Suerge maachen. "Mir si beméit et sou z'organiséieren, datt et Sënn mécht."

An de Maison médicalen, déi een amgaangen ass opzebauen, wëllt een déi Patienten, déi de Coronavirus hunn, traitéieren. Virun Dënschdeg/Mëttwoch géif déi Infrastruktur awer nach net stoen. Et géif ee méi testen, an an Zukunft méi geziilt testen, seet d'Paulette Lenert.

Weider Informatiounen de Méindeg de Moien

D'Minister Bettel a Lenert hu keng Froe vun der Press zougelooss, et géif een d'Krisecellule ofwaarden a muer virun der Press nach eng Kéier Stellung huelen. "D'Mesuren, déi mer elo huele, si seriö a se gi wäit, mee se sinn néideg a wichteg", esou de Xavier Bettel. D'Solidaritéit wier och wichteg, a jidderee misst säi Verhalen upassen.