Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Muecht vun den Energie- an Industriekonzerner briechen"

Weltklimasommet

"D'Muecht vun den Energie- an Industriekonzerner briechen"

Sech serieux mam Klimaproblem auserneesetze géif heeschen, eis Produktiouns- a Liewensweis a Fro stellen. Den Ulrich Brand, Politolog op der Uni Wien, seet sech dowéinst skeptesch, datt beim Weltklimasommet zu Paräis (COP21) eppes nennenswäertes kann eraus kommen. Michel Delage/ds

auto_stories

4 min

Ulrich Brand

Den Ulrich Brand warnt virun engem "falschen Deal" bei der COP21, déi zënter e Méindeg zu Paräis leeft. De Politolog bedauert, datt sech bei de Verhandlungen den Ament alleng op Emissiounszuelen, op d'Zil vun enger maximaler Klimaerwärmung vun 2 Grad Celsius konzentréiert gëtt. "D'Politik kuckt net genuch op d'Inputsäit, op eis destruktiv Produktiounsmethoden a Liewensweis". Et géif net genuch ëm fossil Energië wéi Kuel oder Pëtrol goen.

Grond fir Optimismus ass fir den Ulrich Brand, datt elo och d'Schwellelänner mat um Dech sëtzen. Wéi et schéngt géife se sech elo och op Reduktiounsziler aloossen. Beim leschte Weltklimasommet viru sechs Joer zu Kopenhagen, dee jo mat engem Echec op en Enn goung, wier dat net de Fall gewiescht.

Nom Echec vu verbindlechen Ziler: Bréngen et fräiwëlleg Engagementer?

Am Réckbléck fënnt den däitsche Klimaexpert, datt déi international Klimaverhandlungen aus de leschte Joerzéngten enttäuscht hätten. Am Kader vum "Kyoto-Protokoll" hate sech 39 Industrielänner engagéiert, d'CO2-Emissioune während der Period 1990 bis 2012 global em 5,2% erofzesetzen. Trotz dëse verbindlechen Ziler gouf um Enn weltwäit 30% méi Kuelendioxid ausgestouss, hält de Brand fest.

D'Iddi vu verbindleche Reduktiounsziler hätt een dofir opginn zugonschte vu fräiwëllegen Engagementer: "intended nationally determined contributions" (INDC). D'Europäesch Unioun, beispillsweis, versprécht hir Emissioune bis 2030 em 40% géigeniwwer dem Referenzjoer 1990 erofzesetzen. D'Vereenegt Staate wëllen an der Period 2005-2030 tëschent 26% an 28% manner CO2 ausstoussen. Den Expert Ulrich Brand ass skeptesch. De VW-Skandal ëm manipuléiert Oofgaswäerter hätt gewise wat geschitt, wann et keng Verbindlechkeet gëtt. "Wa mer nees an 20 Joer soen, et huet net fonctionnéiert, ass dat en Desaster".

Géint de "grénge Kapitalismus", fir eng intelligent Reguléierung

Bei der Klimapolitik kéint sech nëmmen eppes ännere wann déi kapitalistesch Eegentumsverhältnisser, wann d'Verwertungsinteressien, also d'Muecht vun den Energie- an Industriekonzerner a Fro gestallt ginn, sou de Brand. D'lescht Joer hätten d'Pëtrol- a Gaskonzerner alleng an den USA a Kanada 235 Milliarden Dollar Gewënn gemaach. Bei de Verhandlungen zu Paräis géif schonn drëms gekämpft ginn, e weltwäite "grénge Klimafong" mat 100 Milliarden Dollar ze fëllen. Minières-Konzerner géifen dogéint all Joer fënnef Mol souvill an d'Sich no fossillen Energien investéieren.

De Politolog Ulrich Brand warnt virum "grénge Kapitalismus", ee Mantra och fir vill gréng Politiker. "Den Ëmgang mat der Klimakris gëtt ee Geschäftsmodell fir sech", sou de Brand. Ee gutt Beispill wier den europäeschen Emissiounshandel, wou mat CO2-Zertifikater spekuléiert géif ginn. D'Muecht géif sech op Finanzmaart-Acteure konzentréieren. Problematesch wier awer net nëmmen d'Kapital. A Fro stelle misst een och d'Liewensweis vun de Mënschen, eng Mëschung aus Kammouditéit, Ignoranz, der Kultur vum "Geiz ist geil", SUVen...

Fir den Ulrich Brand ass eng intelligent Reguléierung néideg. "De Benzin muss méi deier ginn", seet de Klimaexpert. Eng ecologesch Steierreform, déi dee Numm verdéngt, dierft zentral wirtschaftlech Interessien net verschounen. De Brand kritiséiert d'Hallefhäerzegkeet vun de Politiker. Zwar erhiewe si den Usproch, klimafrëndlech Mesuren duerchzesetzen, gläichzäiteg halen se un enger op Kompetitivitéit a Wuesstem ausgeriichte Politik fest, sou den däitsche Politolog.

Den Ulrich Brand am Interview mam Daniel Schneider: