Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Money Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nuit des Musées 2019

Kultur

D'Nuit des Musées 2019

Den Owend ass déi 19. Editioun vun der Nuit des Musées an net manner wéi siwen Etablissementer um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. 2001 mat ronn 6.000 Visiteure gestart, waren am leschte Joer iwwer 25.000 Leit ënnerwee duerch de Casino, de Lëtzebuerg City Museum, de Mudam, de Musée Dräi Eechelen, de Musée National d'Histoire et Art, den natur musée an d'Villa Vauban. All dës Muséeë sinn, genee wéi och de radio 100,7, och den Owend nees bei der Nuit des Musées dobäi. Wat mir Iech den Owend proposéieren, verréit eise Programmchef Yann Logelin.

auto_stories

4 min

Wéi kléngt d'Nuit des Musées 2019 dann den Owend bei eis um Radio?

Yann Logelin: Ofwiesslungsräich a faarweg, garnéiert mat där enger oder anerer Iwwerraschung. De radio 100,7 ass jo scho laang en treie Mediepartner vun dësem aussergewéinlechen Owend a genee wéi an de leschte Joren och schonn, melle mir eis nees en direct aus dem Casino. Wat awer aneschters ass wéi déi Jore virdrunner, ass, datt de Casino u sech just eise Quartier general ass. Eis ganz Spezialemissioun am Kader vun der Nuit des Musées kënnt den Owend vun do, mee mir hunn och eng Equipe vu Reporter am Asaz, déi sech live vun deenen anere sechs Plaze mellen.

Déi lescht Joren huet de radio 100,7 u sech och just d'Ouverture vun der Nuit begleet. Dëst Joer si mir matten dran a sende live vun den Owend 18:00 bis 23:00.

Fënnef Stonnen Emissioun also, aus all de Muséeën. Wat erwaart eis Nolauschterer deen Ament?

Mir ginn Abléck an déi aktuell an nei Ausstellungen an de Muséeën a fänken eisen Tour an der Villa Vauban un, wou de Guy Thewes, deen dëst Joer Coordinateur vun der Nuit des Musées ass, jo och Direkter ass an d'Villa Vauban offréiert de Visiteuren nach eng lescht Geleeënheet hir aktuell Ausstellung kucken ze goen.

"Do ass déi Fotosausstellung vun der finnescher Artistin Elina Brotherus. Et ass de leschte Weekend fir se nach kucken ze goen. Am Geschichtsmusée do hu mir u sech keng nei Ausstellung, mee mir hunn der Expo permanente e Lifting gemaach. Mir hunn de ganzen Aganksberäich an och de Schluss vun där Ausstellung frësch gemaach. A mir hunn och eng Mini-Ausstellung "Ass et Bauhaus zu Lëtzebuerg ginn?" Dat ass eng kleng Architekturausstellung, déi mir just nëmmen an der Woch vun der Nuit des Musées maachen."

Dat also fir de Programm an zwee vun den Haiser, dee mir sur place kucke ginn a fir Iech op eiser Antenn presentéieren.

Nieft den eenzele Muséeën interesséieren awer och d'Coup de Coeuren, déi all Joer e feste Bestanddeel vun der Nuit des Musées sinn.

Déi ganz Nuecht steet jo ënner dem Motto "Be Moved" an dowéinst däerfen an dësem Joer direkt siwe Sportler hir Coup de Coeuren an de verschiddene Muséeën eraussichen a presentéieren. Déi siwe Sportler kommen natierlech och all bei eis an d'Emissioun fir iwwer sech, hire Sport, hir Relatioun zu Muséeën an dat Konschtwierk ze schwätzen, wat si dem Public am Laf vum Owend presentéieren.

De Guy Thewes erkläert d'Iddi hanner de Coup de Coeuren, déi vu Prominente Lëtzebuerger all Joer presentéiert ginn.

"D'Iddi ass u sech, datt de Musée eppes fir jiddwereen ass. Et muss ee keng besonnesch Bildung hunn, et muss een och net e gewëssenen Alter hunn an dofir brénge mir am Fong Leit och an de Musée, wou een normalerweis net direkt eng Verbindung mécht mam Musée, wéi Sportler. Jiddweree ka vun engem Musée beweegt ginn, oder vum deem, wat een do gesäit. Sport ass elo vläicht net dat, wat een direkt mat Konscht oder Geschicht verbënnt, mee déi Leit ginn och beweegt vun engem Musée."

An déi Leit iwwer déi de Guy Thewes geschwat huet, sinn déi fréier Triathletin Liz May, de Schwëmmer Raphael Stacchiotti, den Ex-Fussballsgolkipp Marc Oberweis, de Schachspiller Claude Wagener, déi fréier Fechterin Colette Flesch, de Liichtathlet Yannick Lieners an d'Ex-Judoka Marie Muller, déi alleguerte Gäscht an eiser fënnef Stonne laanger Spezialemissioun wäerte sinn.

Ouni awer déi vill aner Kënschtler, Museker, Historiker a Perséinlechkeeten ze vergiessen, mat deenen eis Reporter an den diverse Muséeë Rendez-vous hunn am Laf vun der Emissioun. Dat geet vun engem Expert fir Kasematten, déi ee sou nëmme während der Nuit des Musées ka kucke goen, iwwer Chouermuseker bis bei d'Directrice vum Mudam Susan Cotter, fir net ze vill verroden.

Et rentéiert sech also wierklech den Owend de Radio tëschent 6 an 11 Auer ze lauschteren. Dat Ganzt kléngt awer no vill Opwand.

Et ass groussen Opwand an eng grouss Equipe, déi do den Owend fir Iech am Asaz ass. Well esou eng Spezialemissioun geet jo iwwer d'Leit eraus, déi een dono op der Antenn héiert. Do ass nach eng Technik hannendrun an och eis Online-Equipe ass den Owend am Asaz fir d'Nuit des Musées digital ze begleeden. Dat maache si mat Artikelen aus dem Casino, interessantem an exklusivem Contenu fir déi sozial Medien an natierlech och eng Rei Fotogalerien, déi Impressioune vun dësem aussergewéinlechen a flotten Evenement an de Stater Muséeë liwwere wäerten.


Den Owend vu 6 bis 11 hei bei eis um radio 100,7 oder an de Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg a fir all déi, déi den Owend sécher selwer op der Nuit des Musées ënnerwee sinn, proposéiere mir muer de Moien tëschent 10:00 an 11:00 e Kulturmagasinn Spezial mat den Highlighten aus eiser grousser Spezialemissioun, déi den Owend aus dem Casino an der Stad kënnt.