Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wann d'Kolleege vun der CSV hir Meenung net änneren, gëtt et schwiereg"

Verfassung - Justiz

"Wann d'Kolleege vun der CSV hir Meenung net änneren, gëtt et schwiereg"

Déi nei Verfassung an d'Justizreform solle gläichzäiteg, virun 2023, a Kraaft trieden, hofft de Justizminister. Hie wéilt optimistesch bleiwen, och no der neier CSV-Positioun a Saache Grondgesetz, esou de Félix Braz. Dem Minister a Vize-Premier no wier déi nei Verfassung eng Noutwendegkeet fir d'Land. Wann "d'Kolleege vun der CSV" hir Meenung net géifen änneren, da géif et awer natierlech ganz schwiereg ginn, ass de Félix Braz sech bewosst.

auto_stories

3 min

De Justizminister Félix Braz (Archivphoto radio 100,7)

Hien hätt grousst Vertrauen an den LSAP-Fraktiounschef a Verfassungsexpert Alex Bodry, esou de Félix Braz. Wann "d'Kollege vun der CSV" hir Meenung awer net géifen änneren, da géif et natierlech ganz schwiereg ginn", mengt de Justizminister. Hie geséich däischter, bal schwaarz Wolleken, hie wéilt awer hannendrun trotzdeem nach e Stéck bloen Himmel gesinn an hie géif d'Hoffnung net opginn, datt déi geplangten nei Verfassung an den nächste Jore kann a Kraaft trieden.

Dem Félix Braz no wier dat neit Grondgesetz eng Noutwennegkeet fir d'Land. Och dowéinst géif schonn esou laang un dësem Projet geschafft ginn.

Geplangte Justizreform

De Projet fir Schafe vun engem nationale Justizrot ass een Ensembel mam Projet Verfassungs-Revisioun, esou steet et am Koalitiounsaccord vun 2018. D'Onofhängegkeet vun der Lëtzebuerger Justiz soll formell am Kader vun dëser Revisioun besigelt ginn, heescht et weider.

D'Justizreform an dat neit Grondgesetz sollen also parallel kommen, hofft nach ëmmer de Justizminister Félix Braz. Hie wéilt d'Hoffnung net opginn, datt déi zwee wichteg Texter gläichzäiteg a Kraaft triede kéinten. "Do sinn eng Rei Saachen dobäi, déi nëmmen an der Verfassung virgesi sinn, wéi zum Beispill d'Indépendance vum Parquet, fir déi do ze vervollstännegen", sou de Minister.

"Aner Aspekter, wéi zum Beispill d'Schafe vun engem Justizrot ass eppes wat och kéint am Respekt vun der aktueller Verfassung iwwer de legislative Wee gemaach ginn. Mee dat ass fir mech nëmmen déi zweet Optioun. [...]"

Texter der Praxis upassen

An de legalen Texter wier de Parquet bis elo op verschiddene Punkten nach net wierklech komplett onofhängeg vum politesche Pouvoir, erkläert de Minister. Praktesch wier dat awer scho méi laang de Fall. De Minister hätt zum Beispill um Pabeier d'Méiglechkeet vun der sougenannter "Injonctioun", hie kéint deemno de Parquet froen, eng Enquête opzemaachen. Dee Pouvoir wier awer viru ronn 30 Joer fir d'lescht vun engem Justizminister fir benotzt ginn. An der Praxis wier de Parquet, wat dat Beispill ugeet also onofhängeg, déi Onofhängegkeet géif sech awer nach net "1:1" an den Texter erëmfannen, sou de Félix Braz. Dowéinst wier eng Vervollstännegung an de legalen Texter wichteg, fir kloer ze maachen, datt et hei am Land net nëmme geliefte Praxis wier, fënnt de Félix Braz.

Deen Text soll an der zoustänneger Chamber-Kommissioun vun all de Parteien ugeholl ginn, him wier awer zu Ouere komm, datt d'CSV nach emol wéilt op dëse Punkt zeréck kommen. De Minister géif dat bedaueren.

Wonsch vum Justizminister: D'CSV soll hir Meenung änneren

De Félix Braz verweist an dësem Kontext op aner EU-Staate wéi Polen an Ungarn. Den éischte Géigner vun autoritäre Regierunge wier d'Justiz, dat hätt een och an deenen zwee Länner festgestallt. An dowéinst wier et wichteg, datt hei am Land d'Onofhängegkeet an der Verfassung verankert géif ginn, widderhëlt de Félix Braz.

"Fir datt mir kloer maachen, datt mer sécher ni méi wäerten op esou e Wee zu Lëtzebuerg wëlle goen, datt mer dofir d'Onofhängegkeet vum Parquet och an der Verfassung consacréieren an net just an eiser Praxis. An dofir drécken ech de Wonsch aus, dass d'CSV op deem dote Punkt ganz kloer hir Meenung ëm 180 Grad soll änneren."

Wann et hei am Land keen onofhängege Parquet géif ginn, dann hätt een eng Politiséierung vun der Justiz, zum Nodeel vun all Bierger, warnt de Minister. D'Garantie, datt d'Justiz nëmmen op Grond vun den allgemenge Rechtsprinzipien, op eng neutral Aart a Weis géif schaffen, an domat e fairen an onofhängege Prozess kéint garantéiert ginn, wier nëmme ginn, wann et eng onofhängeg Justiz géif ginn. Zu Lëtzebuerg géif d'Justiz an der Praxis scho laang onofhängeg schaffen, widderhëlt de Justizminister. Dofir wier et fir de Félix Braz elo "befriemlech", wann een op dësem Punkt elo zu anere Conclusioune géif kommen.