Radioen

On air

Notturno  |  Louis Cole - Let It Happen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oppositioun ass enttäuscht

Budgetsprojet 2020

D'Oppositioun ass enttäuscht

D'Oppositioun an der Chamber reagéiert enttäuscht op de Projet fir de Staatsbudget 2020. Dat wat de Finanzminister presentéiert huet, géif keng Äntwerten op déi grouss aktuell Froe liwweren, stellen d'Vertrieder vun den Oppositiounsparteie fest.

auto_stories

3 min

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen kritiséiert, datt näischt Neies am Budget festzestelle wier: "Beim Etat de la nation si mir keng nei Mesurë gewuer ginn an an dësem Budget sinn och keng nei Mesuren dran". Dat géif si enttäuschen, grad wann een de Klimaschutz als Drénglechkeet géif festleeën. Et misst een dann dozou eppes am Budget fannen, et wieren awer keng Mesurë chiffréiert.

Dat, wat am Budgetsprojet virgesinn ass, géif déi aktuell Problemer souguer nach vergréisseren, kritiséiert den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen: et wier erëm e Budget, deen op e Rekordwuesstum géif setzen. Wéinst dem Wuesstum géif de Staat och Rekordinvestitioune maache vu bal dräi Milliarden Euro an doduerch misst och eng Milliard Euro geléint ginn. Och wann dat e geréngen Emprunt wier, "weess ech net, wat dat soll kloer bedeiten", seet de Gast Gibéryen.

Definitioun vu "Klimazwecker" onkloer

De Minister Pierre Gramegna huet a senger Budgetsried ugekënnegt, datt de Staat 2020 eng éischte Kéier een "nohaltegen Emprunt" vu maximal enger Milliard Euro wëllt lancéieren. Wat en "nohaltegen" Emprunt si soll, huet d'Martine Hansen beim Finanzminister nogefrot: "Déi Sue solle just geholl gi fir ebe Klimazwecker a sozial Zwecker." Dat misst awer net onbedéngt eppes Neies sinn, mee dat géif een eréischt gesinn, wann d'Klimazwecker méi genee definéiert ginn.

Och den David Wagner stéiert sech dorun, datt de Fonds du rail als Klimainvestitioun géif ugesi ginn. Wann een dat "ganz large" kuckt, kéint een et als Klimainvestitioun ugesinn, mee "et ass e bësse gefuddelt, muss ech soen", esou d'Kritik vum Deputéierte vun déi Lénk.

Neiastellunge beim Staat

2020 wëllt de Staat eng Partie nei Plaze schafe fir der méi grousser Populatioun gerecht ze ginn, esou de Finanzminister. Fir de Gast Gibéryen huet dat awer och en Impakt op de Logement an d'Mobilitéit, an dee Problem géif een "doudsécher" net léisen, mee dee géif méi grouss ginn.

Wat déi ugekënnegt zousätzlech Plazen ugeet, déi 2020 beim Staat solle geschafe ginn, gleeft d'CSV-Fraktioun net un e Succès. "Ech ka mir net virstellen, datt mir déi 1.800 Poste jeemools eng Kéier besat kréien.", kritiséiert d'Martine Hansen.

De Pierre Gramegna bei der Presentatioun vum Projet de loi fir de Staatsbudget 2019. Foto: CC BY-ND 2.0 Chambre des Députés

D'Astellunge beim Staat mussen de Besoine vun der Populatioun entspriechen, betount den David Wagner vun déi Lénk. Et misst ee prioritär an der Educatioun astellen, mee dat kéint een net just decidéieren, "well do muss een dann aner Saachen änneren, do gëtt et wierklech e gréissere Problem fir Leit anzestellen." Notamment géifen et och ëmmer méi Iwwerstonne ginn, sou den David Wagner.

Accisen an Zukunft iwwer Règlement grand-ducal

Wat de Finanzminister Pierre Gramegna net a senger Budgetsried sot, wat awer am Projet fir de Budget 2020 ze fannen ass, ass eng geplangte Modifikatioun am Steierberäich, fir der Regierung méi Flexibilitéit a méi Marge bei den Accisen ze ginn. Heifir wier kee weidere Gesetzesprojet néideg. An Zukunft kéinten d'Accisen am Joer 2020 iwwer e Règlement grand-ducal erhéicht ginn, "ouni datt gesot gëtt, wéini a wéi vill datt dat kéint sinn", kritiséiert de Gast Gibéryen.

Fir den David Wagner kéint dës geplangte Modifikatioun bei den Accisen och en aneren Zweck hunn, nämlech fir géint den Tanktourismus virzegoen. "Dat wier natierlech an deem Fall interessant. Vläicht besteet do eng Méiglechkeet fir méi séier kënnen dohanner ze goen." Et misst ee kucken, wat an dëse Règlement grand-ducallen drasteet.