Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Les Imprimés - You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oppositioun schléisst eng Enquêtëkommissioun net aus

Luxeosys

D'Oppositioun schléisst eng Enquêtëkommissioun net aus

D'Budgetskontrollkommissioun huet wëlles opzeklären, firwat de Projet vum Äerdobservatiounssatellit Luxeosys fir d'Lëtzebuerger Defense duebel esou deier gëtt wéi geplangt, a firwat de Projet am Summer 2018 mat engem Budget vun 170 Milliounen Euro duerch d'Chamber goung. Dat obwuel d'Offeren, déi d'Defense virdru kritt hat, däitlech méi deier waren, respektiv, d'Exploitatioun vum Satellit net couvréiert hunn, wéi den 100,7 de Méindeg de Moie gemellt hat. Dofir invitéiert Chamberkommissioun fir hir Sitzung no der Päischtvakanz déi responsabel Beamte vun deemools fir Explikatiounen ze ginn. D'Kommissioun huet och wëlles den deemolege Minister Etienne Schneider ze ruffen. D'Oppositioun schléisst eng Enquêtëkommissioun net aus.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


D'Djuna Bernard vun déi gréng seet, et géifen zwee Voleten. Deen ee wier fir ze kucken, wéi et mam Satellitteprojet weidergeet, dat wier éischter Aufgab vun der Defensekommssioun. Deen anere wier fir ze kucken, wat an der Vergaangenheet geschitt ass. Et misst een erausfannen, firwat virun zwee an engem hallwe Joer nëmme e gewësse Montant gestëmmt gouf, obwuel een unhand vu verschiddenen Elementer schonn hätt kënnen erkennen, datt de Projet schlussendlech vill méi deier géif ginn.

D'Kommissiounpresidentin Diane Adehm vun der CSV seet:

"Wann de Minister Etienne Schneider wierklech wosst, datt dat doten net géing duergoe mat de Suen, da muss hien an der Chamber einfach net d'Wouerecht gesot hunn, an wann hien d'Wouerecht an der Chamber net seet, jo dann ass dat e Skandal, well da belitt hie se einfach fir et mol eng Kéier riicht eraus ze soen."

De fréiere Chamberpresident Mars Di Bartolomeo seet, d'Kommissioun géif hir Aarbecht ganz seriö maachen. Den LSAP-Deputéierte seet, "datt d'Chamber kloer signaliséiert, datt se iwwerhaapt net gär e Projet stëmmt, wou d'Finanzéierung näischt mat der Realitéit ze dinn huet."

De Sven Clement vun de Pirate mengt, d'Invitatioun un de fréiere Verteidegungsminister an d'Kommissioun ze komme wier de verstännegen nächste Schrëtt. "Falls hien awer net kënnt, dann ass d'Commission d'Enquête deen eenzege Wee, wéi d'Chamber kann e Privatbierger zu enger Ausso zu engem Projet beweegen."

"Eng rezent Ausso vum Etienne Schneider zu sengen neie Mandater an der Press léisst mech fäerten, datt hien dat net onbedéngt wëllt virun der Chamber maachen."

Wann de fréiere Wirtschaftsminister net gewëllt ass fräiwëlleg an d'Kommissioun ze goen, da kéint een hien effektiv just iwwer de Wee vun enger Enquêtëkommissioun forcéieren, esou d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, Diane Adehm.