Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Partei vun ënnen erëm opriichten"

Neien LSAP-Parteipresident

"D'Partei vun ënnen erëm opriichten"

De Franz Fayot ass neie President vun der LSAP. Wéi erwaart ass dee 46 Joer alen eenzege Kandidat den Dënschdeg den Owend um Kongress zu Käerjeng gewielt ginn - mat 88 Prozent vun de Stëmmen. Hien ass zefridde mat deem Resultat an hie freet sech iwwer d'Opbrochstëmmung, déi um Kongress ze spiere gewiescht wier, an déi hien elo séier opgräife wëll.

auto_stories

3 min

headphones

17 min

play_arrow
De Franz Fayot ass neigewielten LSAP-Parteipresident

Hie wéilt nolauschteren a mat méiglechst ville Leit an der Partei diskutéieren. D'LSAP misst et, trotz Regierungsbedeelegung, an den nächste Joren hikréien, sech eng eegen Identitéit ze ginn. Soss kéint si zu enger Randerscheinung verkommen, seet de Franz Fayot.

De Laangzäitrend géif eng konstant Erosioun vun de Wahlresultater vun der LSAP weisen. Fir hien ass d'Resultat vun Oktober 2018 ganz schlecht, "nach méi en termes vu Sëtzverloschter wéi en termes vu Stëmmeverloschter". Elo misst déi fundamental Aarbecht gemaach ginn "fir d'Partei vun ënnen erop erëm opzeriichten. Well soss fäerten ech, datt mir d'nächste Kéier nach kënne méi rutschen", sou de Franz Fayot.

D'LSAP krut an der Persoun vum Tom Jungen och nach en neie Generalsekretär. Nei Vize-Presidente sinn d'Ministesch Paulette Lenert an den Diddelenger Député-maire Dan Biancalana. Et goufen och zéng Posten am Comité directeur nei besat.

Nei Forme vun Diskussiounskultur entwéckelen

Den neien LSAP-President Franz Fayot wëllt eng nei Diskussiounskultur an der Partei entwéckelen. D'Militanten hätten es genuch dovun, datt déi intern Streidereien ëmmer no bausse gedroe ginn. Allerdéngs misst een - fir d'Leit motivéiert ze kréien, sech un deenen Diskussiounen ze bedeelegen - op nei Formater setzen. Well déi al hätten ausgedéngt, sou de Franz Fayot.

"Ech mengen, dat hänkt domat zesummen, datt d'Leit wëssen, datt se dohinner kommen an da meeschtens vun engem Minister während enger hallwer Stonn en Discours kréien, an da wahrscheinlech nach vum Parteipresident eng hallef Stonn Frontalunterrecht. An da sinn se eng Stonn do, an da ka emol vläicht sou lues diskutéiert ginn. An och dat ass da meeschtens eng Froen-Äntwert-Ronn. An ech mengen, et ass dorop wou d'Leit keng Loscht méi hunn. An dofir musse mer nei Weeër fanne fir mateneen ze schwätzen."

"Ech sinn éischter e beduechtenen Typ"

De Franz Fayot ass net onbedéngt e Charakter vun deem een erwaarde kann, datt e groussaarteg polemiséieren oder souguer eemol aus der Këscht sprange wäert. Hien hätt och net Wëlles sech do ze verstellen, oder sech verbéien ze loossen, seet den nei gewielten LSAP-Parteipresident.

"Ech sinn effektiv een, dee fir d'éischt emol nodenkt an da schwätzt. Ech kann och zouspëtze wann et muss sinn. Ech sinn effektiv éischter e beduechtenen Typ. Dat ass och fir mech eng Qualitéit, vläicht keen typesche Charakterzuch an der Politik. Mee ... dat sinn eben ech."