Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Plaz vun Europa an enger multipolarer Welt

Bilan vun der europäescher Aussepolitik

D'Plaz vun Europa an enger multipolarer Welt

D'Annexioun vun der Krim duerch Russland 2014, europäesche Sträit an der Flüchtlingsproblematik zanter 2015, Brexit-Referendum a Wahl vum US-President Donald Trump 2016. Déi multilateral Welt, an déi sech d'Aussepolitik vun der Europäescher Unioun abett, huet an de vergaangene fënnef Joer fundamental geännert. E Bilan iwwer déi europäesch Aussepolitik. D'Mick Entringer huet sech mat den zwee Politikwëssenschaftler Ulrich Kühn an Nicolai von Ondarza ënnerhalen.

auto_stories

3 min

Den Drock op d'EU vu baussen a vu bannen ass déi lescht EU-Legislatur gewuess a mécht eng aussepolitesch eenheetlech europäesch Linn ëmmer méi schwiereg. Den Ulrich Kühn, Politikwëssenschaftler an Expert fir Sécherheetsfroe beim Institut fir Friddensfuerschung a Sécherheetspolitik un der Uni Hamburg. Geopolitesch betruecht wier Europa zu engem Kontinent ginn, un deem ënnerschiddlech Muechte géifen zéien a rappen an an deem d'Onsécherheete vun alle Säite géifen zouhuelen.

De Konflikt tëschent grousse Muechten (wéi den USA, Russland a China) dominéiert déi international Relatiounen. D'EU steet donieft, fënnt sengersäits och den Nicolai von Ondarza, Politolog bei der Stëftung Wëssenschaft a Politik zu Berlin. Dobäi kéim, datt sech d'EU wéinst dem Brexit, de populistesche Beweegungen an de Regierungen, an deene rietspopulistesch Parteie bedeelegt sinn, méi op sech selwer konzentréiert hätt. Dat hätt dozou geféiert, datt sech d'EU an de leschte fënnef Joer just a ganz wéinege Beräicher international behaapt hätt.

D'Handelspolitik wier eng vun den Ausnahmen, esou de Politolog. Den internationalen Handelssystem wier duerch Aktioune vum US-amerikanesche President ënner Drock geroden. Op dësem Feld hätt Europa et fäerdeg bruecht mat enger Stëmm ze schwätzen an e wichtegen Handelstraité mat Kanada an och mat Japan ofzeschléissen.

D'Experte si sech net eens

Déi gemeinsam europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik gouf mam Maastricht-vertrag 1993 ageféiert a krut mam Lissabon-Vertrag e Gesiicht: den héije Vertrieder vun der EU fir Aussen- a Sécherheetspolitik. Ënner der Juncker-Kommissioun war dat déi lescht fënnef Joer déi italienesch Lénksdemokratin Federica Mogherini. Si hätt et gepackt, fir d'Koherenz vun der EU ze stäerken. Virun allem d'Zesummenaarbecht tëschent der Kommissioun an dem europäeschen auswäertegen Déngscht wier däitlech besser ginn. No baussen hin hätt si awer relativ wéineg erreecht, esou den Nicolai von Ondarza.

De Politolog Ulrich Kühn nuancéiert. D'EU wier ëmmer nëmme sou staark wéi hir Memberstaaten. Hien ass der Meenung, datt d'Federica Mogherini an och d'EU aussepolitesch a verschiddene Beräicher Succèsen ze verzeechnen hat. Hien nennt d'Atomofkommes mam Iran, wat senger Meenung no mëttlerweil nees zu Onrecht kritiséiert géif ginn. D'EU hätt an dësem Fall bewisen, datt se tëschent Groussmuechte vermëttele kéint.

Renationaliséierung als Ursaach vu Schwächt

Déi aussepolitesch Schwächt vun Europa ass och de Spigel vun der interner Zestriddenheet, seet den Ulrich Kühn. Fir hien ass "d'Renationaliséierung" vun der europäescher Politik dofir responsabel. Eenzel Staate wéi Däitschland, Italien, Polen oder och Groussbritannie géife Politik géint Europa maachen, mee si kéinte sech net op eng gemeinsam europäesch Politik verstännegen. "Und dementsprechend bildet die EU nur das Bild ab, was ihr von den Mietgliedstaaten zugespielt wird. Nähmlich ein sehr schwaches."

Och wann déi europakritesch Parteie bei den Europawahle gestäerkt géife ginn, géif déi europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik an Zukunft éischter ënner Drock geroden duerch déi europaskeptesch an nationalistesch Parteien, déi un nationale Regierunge bedeelegt sinn, seet de Politikwëssenschaftler Nicolai von Ondarza. D'EU misst et an den nächste Jore fäerdeg brénge mat Regierungen zesummezeschaffen, déi an eng aner Richtung steiere wéilten; souwuel wat hir Wäerter, wéi och wat hir Aussepolitik am Bléck op Migratioun an och aner Themen ugeet.

Den Ulrich Kühn resüméiert déi grouss aussepolitesch Erausfuerderung fir d'EU an Zukunft esou: "Wie soll es mit der Aussen- und Sicherheitspolitik weitergehen in einer zunehmenden multipolaren Welt, wo die USA offensichtlich das Interesse an Europa und auch an europäescher Politik und Sicherheitspolitik verlieren?"

Et géif ëm d'Fro goen: wéi kënne mir Europäer eis eegen Aussen- a Sécherheetspolitik definéieren an enger Welt, an där den Drock vu Russland a China op d'EU wiisst, wou intern d'Fro vu der europäescher Flüchtlingspolitik net geléist ass?