Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Policereform gouf gestëmmt

Policereform

D'Policereform gouf gestëmmt

D'Policereform gouf gëschter mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien ugeholl. déi Lénk hu sech enthalen, d'CSV an d'ADR hunn dogéint gestëmmt. Am Mëttelpunkt vun der Reform sti fënnef Voleten, ënner anerem déi territorial Reorganisatioun, d'Zesummeleeë vu Kommissariater, d'Aféiere vun neie Carrièren oder nach d'Reorganisatioun vun der Police judiciaire an de SRECen, de Service de recherche et d'enquête criminelle.

auto_stories

3 min

Foto: Horst Galuschka (Archiv)

Deen éischten Defi fir d'Police ass et, méi Beamte kënnen ze rekrutéieren. Well et ee Manktem un Effektiver gëtt, huet den zoustännege Police-Minister Etienne Schneider eng Rei Moossnamen an der Reform virgesinn. Virop déi territorial Reorganisatioun. Bis elo gouf et sechs Policeregiounen, elo ginn et der véier, mam Zil, d'Gestioun besser an de Grëff ze kréien. Weider gouf den Ënnerscheed tëscht Policekommissariater a Commissariat de proximité ofgeschaaft.

Nei Méiglechkeet vu fräiwëllege Fusiounen

Déi lokal Kommissariater si konstant ënnerbeluecht. Aus deem Grond hat de zoustännege Police-Minister eng fräiwëlleg Fusioun vun de Proximitéitskommissariater proposéiert. Domat sollt garantéiert ginn, datt déi existent Kommissariater genuch Personal kréien, fir souwuel Patrullen, wéi och den Accueil am Kommissariat ze garantéieren. Fir den Ament ginn et dräi Fusioune vu Kommissariater. Donieft hunn eng Rei Gemengen decidéiert, an enger Versuchsphas hir Policebüroen zesummenzeleeën.

Nei Carrièren

Ee weidere Punkt an der Reform ass d'Aféiere vu verschidde Carrièren.

Well de Personalmangel net zum Sécherheetsproblem däerft ginn, géif d'Gesetz och virgesinn, datt d'Unzuel vun den zousätzleche Posten an der B1-Carrière ëm 20 Stéck pro Joer kann eropgesat ginn, sou den DP-Deputéierte Max Hahn. De Beamten aus der B1-Carrière wäert méi fréi de Statut vum Officier de Police judicière kënne kréien.

déi Lénk hu sech beim Vott enthalen. Et wier awer positiv, datt och elo d'Policebeamten um Ufank vun hirer Formatioun mat der Fonction publique gläich gestallt ginn, sou den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk.

Police kritt verschidden nei Rechter

D'Poliziste kréien iwwer d'Gesetz iwwerdeems nei Mëttel fir d'Sécherheet ze garantéieren am Fall vun enger imminenter Gefor, seet d'LSAP-Deputéiert a Rapportrice vum Gesetz, d'Claudia d'Allagnol.

Wa spezifesch Konditiounen, déi d'Gesetz virgesäit, erfëllt sinn, da kritt d'Police an Zukunft d'Méiglechkeet, fir ee Sécherheetsperimeter ze etabléieren. "A wann een do ra wëllt, dann ass d'Police befugt, Identitéitskontrollen duerchzeféieren, bezéiungsweis, fir bei engem Auto eng Durschsuchung ze maachen. D'Police dierf an Zukunft och e Commerce oder en ëffentlecht Gebai vorübergehend zoumaachen, eng Saisie vun Objeten duerchféieren oder eng Persoun, déi kéint gesicht ginn, festhalen, bis hir Identitéit konnt festgestallt ginn."

"Gudden Equiliber"

Et wier wichteg gewiescht, datt d'Fräiheete vun de Bierger garantéiert ginn, ouni datt d'Mëttel vun de Polizisten ze vill ageschränkt ginn, seet den Henri Kox vun déi gréng. D'Definitioun "danger grave, concret et imminent pour la securité publique" wier ee gudde Kompromëss tëscht dem Garantéiere vum Ordre public engersäits, an de perséinleche Fräiheeten anerersäits.

Kee Platzverweis a Kritik vun der Oppositioun

An der Chamberdebatt, huet den CSV-Deputéierte Léon Gloden dem Minister virgehäit, de Platzverweis net am Gesetz virzegesinn. D'CSV hätt de Platzverweis schonn an hirem leschte Wahlprogramm stoe gehat. "Jiddwereen, ausser d'Regierung, fuerdert och de Platzverweis", sou de Léon Gloden.

An der Policereform gëtt iwwerdeems de SREC, de Service de recherche et d'Enquêtes criminelles, mat senge regionalen Antennen an d'Police judiciaire integréiert, fir och do d'Mëttel besser anzesetzen, ouni awer déi dezentraliséiert Organisatioun ganz opzeginn.