Radioen

On air

Espresso Beats  |  Pharrell - Caged Bird Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Primaire populaire: lescht Hoffnung op d'Unifikatioun vun der Gauche?

Frankräich

D'Primaire populaire: lescht Hoffnung op d'Unifikatioun vun der Gauche?

Zënter e puer Deeg huet déi franséisch Gauche fir d'Presidentewale vun Abrëll eng weider Kandidatin: Déi fréier Justizministesch Christiane Taubira wëllt untrieden, ënnert der selwer operluechter Konditioun, datt si an zwou Wochen d'Primaire populaire vun der Gauche gewënnt. E Scrutin, mat deem d'Elektorat vun der Gauche hie Kandidat fir d'Presidentiellen designéiere kann. Ob dës Tentative um Ënn d'Gauche vereenege wäert, bezweifelt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / NurPhoto / Michel Stoupak

Datt sech d'Gauche net op ee Kandidat eenege kann, steet schonn zanter engem Joer fest. Mee datt sech dat lénkt Lager dräi Méint virun de Presidentiellen esou zerspléckt, dat iwwerrascht déi meescht: Jean-Luc Mélenchon, Christiane Taubira, Yannick Jadot, Anne Hidalgo oder Fabien Roussel.

D'Lëscht geet eigentlech nach weider wann een déi trotzkistesch Splitterparteie wéi den Nouveau Parti Anticapitaliste vum Philippe Poutou matzielt.

Amplaz datt sech d'Situatioun vun der Gauche mat der Zäit kläert, schéngt se mam Rapprochement vun de Presidentschaftswalen - ganz am Géigendeel - ëmmer méi komplex ze ginn.

Dowéinst gouf der Christiane Taubira hir Kandidatur vun der Sozialistin Anne Hidalgo a vum Ekologist Yannick Jadot kritiséiert. Se bedaueren de Klengkrich bannent der Gauche an déi weider Konfusioun.

Der Christiane Taubira feelt e konkrete Walprogramm

Déi eemoleg Justizministesch gouf iwwert Méint als Hoffnungsträgerin fir d'Gauche gefeiert. Am September haten d'Walprognose si nach an den zweete Waltour géint déi riets-extrem Kandidatin Marine Le Pen katapultéiert. Haut iwwerhëlt Sie den Ëmfroen no net mol de lénks-extreme Kandidat Jean-Luc Mélenchon, dee stabil bei zéng Prozentpunkte leit. Den Elan ëm déi éischt schwaarz Presidentschaftskandidatin schéngt un Impuls ze verléieren. Hier feelt e konkrete Walprogramm.

Dofir ass et net verwonnerlech, datt d'Christiane Taubira op d'Primaire populaire insistéiert. D'Spillreegele gläichen deene vun enger normaler Primaires-Wal: d'Elektorat vun der Gauche wielt ënnert de Kandidaten e Favorit, déi aner Kandidate sollen uschléissend de Gewënner ënnerstëtzen. Dat Besonnescht un der Primaire populaire ass, datt se net bannent enger Partei stattfënnt, mee vum sougenannte Peuple de Gauche ausgeet. Dat bedeit allerdéngs och, datt näischt d'Kandidaten dozou zwéngt, beim Scrutin matzemaachen.

Een eenzege lénke Kandidat géif Sënn maachen, ...

Obwuel lénk Kandidate sech als biergerno inzenéieren, hält sech hir Begeeschterung fir d'Primaire populaire ironescherweis a Grenzen. De Yannick Jadot an de Jean-Luc Mélenchon leenen hir Participatioun kategoresch of, d'Anne Hidalgo zéckt nach. D'Kandidate bestinn op hiert politesch Existenzrecht. D'Primaire populaire, wou den Ament knapp 300.000 Fransousen ugemellt sinn, schéngt hirt d'Zil vun der Unifikatioun vum lénke Spektrum ze verfeelen. D'Umeldunge lafen nach bis dëse Sonnden.

D'Designatioun vun engem eenzege lénke Kandidat géif thematesch effektiv Sënn maachen, vu datt d'Walprogrammer sech grosso modo gläichen. De Jean-Luc Mélenchon wëll de Mindestloun vun 1.290 Euro op 1.400 Euro erhéijen, d'Anne Hidalgo op 1.470 Euro. De Yannick Jadot wëll de Stroumfournisseur EDF verstaatlechen. D'Christiane Taubira wëll eng universell Studenten-Bourse vun 800 Euro de Mount aféieren. Hir Programme dréien sech virun allem ëm Sozial- a Klimagerechtegkeet.

Vu datt een a Frankräich awer de Kandidat an net d'Partei wielt, bleift d'Perséinlechkeet e wichtege Walfaktor. Vill lénk Fransouse leenen aus dem Grond de Jean-Luc Mélenchon of: Net well se am staarken Desaccord mat der France Insoumise sinn, mee well se de Jean-Luc Mélenchon net als Staatspresident gesinn.

... mee et feelt u Vertrauen tëscht de lénke Kandidaten

D'Primaire populaire wier deemno eng effikass Manéier, fir vun deene ville Kandidaten deen Iwerzeegenste fir d'Gauche erauszepicken. Mee et feelt u Vertrauen tëscht de Kandidaten, well theoretesch hält se näischt dovunner of, de Gewënner vun der Primaires-Wal ze ëmgoen. Dat ass bei de leschte Presidentschaftswalen 2017 an der élection primaire vum Parti socialiste geschitt. De Manuel Valls huet deemools no sengem Versoen den Emmanuel Macron ënnerstëtzt, amplaz sech hannert de Gewënner vum Scrutin Benoit Hamon ze stellen.

Fënnef Joer méi spéit schéngt sech un deem Mësstraue wéineg geännert ze hunn. Déi hallef Dose Kandidate vun der Gauche maachen eenzel mat hirer Campagne weider a loossen d'Elektorat an der Verzweiwlung.