Radioen

On air

Notturno  |  Polobi & The Gwo Ka Masters - On Jan Padjanbel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Reform vum Stage

Grondschoul a Secondaire

D'Reform vum Stage

Vum nächste Schouljoer u soll de Stage an der Grondschoul op ee Joer reduzéiert, de Memoire ganz ofgeschaaft a just nach een Examen - an zwar an der Legislatioun - gemaach ginn. Dat seet den Educatiounsminister Claude Meisch am 100,7-Interview no Entrevue mat de Gewerkschaften.

auto_stories

2 min

D'Stagezäit am Fondamental an am Secondaire soll reforméiert ginn. Foto: Bigstock / dolgachov.

Am Secondaire soll d'Dauer vum Stage bei zwee Joer bleiwen. De Memoire soll am Volume reduzéiert ginn. Wat déi sougenannt Période probatoire am Secondaire betrëfft, sot de Minister, datt ee sech och do méi op Begleedung a manner op Epreuvë wéilt konzentréieren. Wéi d'Gewiichtung tëschent béide soll ausfalen, misst nach definéiert ginn am Gespréich mat de Gewerkschaften an den Direktiounen.

Zum zäitleche Kader fir d'Ëmsetzung vun de geplangte Moossname sot de Claude Meisch, datt ee bis Enn Mäerz d'Eckdate zesumme misst hunn. "Well mir wëllen dat do a Kraaft hu bis déi nächst Rentrée."

Iwwergangsléisung fir aktuell Stagiairen

Fir déi Stagiairen, déi elo grad am Stage sinn, wéilt een Iwwergangsbestëmmungen definéieren. "Kloer ass: Wann dat neit Gesetz méi favorabel Konditioune bitt wéi dat aktuellt, da sollen déi och gëllen", esou de Claude Meisch. Den Educatiounsminister wëllt dat Gesetz dofir gäre virum Summer gestëmmt hunn, mee et misst ee sech nach Zäit loosse fir lescht Detailer ze klären. Besonnesch am Secondaire géif et nach Klärungsbedarf ginn.

Souwuel am Fondamental wéi am Secondaire sollen d'Enseignanten nom Stage ee Joer laang an eng sougenannt Période d'approfondissement kommen. Do solle Formatiounen, Begleedungen an Echangen ugebuede ginn, mee keng Examen.


De Claude Meisch iwwer d'Reform vum Stage

Lauschterenplay_arrow