Radioen

On air

De Moien  |  Wild Cherry - Play That Funky Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Regierung krut op der ganzer Linn Recht"

Kierchefabricken

"D'Regierung krut op der ganzer Linn Recht"

De Staatsrot géif der Regierung an dem Bistum zu 100 Prozent Recht ginn an der Ausriichtung vum Gesetzprojet iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabriken, seet den Inneminister Dan Kersch. An Zukunft kënne Gemengen zwar weider Kirchegebaier subventionéieren. Dofir bräicht een awer e Gemengereglement, dat vum Inneminister muss approuvéiert ginn, sou den LSAP-Politiker.

auto_stories

2 min

Dan Kersch

Bis Enn des Joers soll d'Gesetz, dat d'Kierchefabricken ofschaaft, a Kraaft sinn. Am Avis vum Staatsrot sinn eng Rei "oppositions formelles" - awer net an de generelle Betruechtungen, sot den Dan Kersch am 100,7-Interview. De Staatsrot wier deemno mat der allgemenger Ausriichtung vum Gesetzprojet averstanen.

"Den Avis vum Staatsrot gëtt der Regierung op der ganzer Linn Recht", sot den Dan Kersch. Ënnert anerem ass de Conseil d'Etat géint de strikte Verbuet vu kommunale Subventiounen u Kierchegebaier. Wa Gemengereglementer Subventioune fir Gebaier erlaben, da soll dat och fir Kierche gëllen.

Déi Gemengereglementer misst den Inneminister guttheeschen. Ëmgedréint kann de Minister de Reglement verwerfen, wann en net am "intérêt général" ass, erkläert den LSAP-Politiker.

Bleift nach d'Plainte vum Syfel

Wat den "intérêt général" ass, do géifen d'Meenungen auserneegoen. Eng Gemeng, déi mat der Decisioun vum Minister net averstanen ass, kéint an Appell goen.

Ob de Gesetzprojet an där Form ka bestoe bleiwen, hänkt vun enger Plainte of, déi den Daachverband vun de Kierchefabricken (Syfel) deposéiert huet. D'Plainte riicht sech souwuel géint den Inneminister, wéi och géint de Bistum. De Syfel geheit béide Parteie vir, sech via Konventioun iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricken eens ginn ze sinn. "Wann e Geriicht dem Syfel géif Recht ginn, da missten d'Gesetzer eben duerno geännert ginn", sot den Dan Kersch.


Anescht wéi am Interview vun der Journalistin behaapt, huet déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) net gesot, déi grouss Terraine vum Kierchefong misste bebaut ginn.