Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Michel Reis - How It All Began (The Story Of Mr. Potes)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Regierung muss transparent kommunizéieren"

Confinement

"D'Regierung muss transparent kommunizéieren"

An der aktueller Kris ass et besonnesch wichteg, datt d'Regierung hir Decisiounen transparent kommunizéiert, ënnersträicht den Ethik-Expert Erny Gillen. Hien, d'Ombudsman Claudia Monti a siwen aner Persoune beroden d'Regierung um Wee aus dem Confinement.

auto_stories

3 min

De fréiere Generalvikar seet, d'Regierung misst de Bierger mat kloren Argumenter erklären, firwat d'Confinementsmesuren néideg sinn. Bis elo wier dat hir gelongen:

"D'Regierung huet an enger Krisesituatioun dat eenzegt gemaach, wat richteg war: Si huet Krisemanagement bedriwwen. An do geet et mam graffe Beidel, dat heescht: Do muss ee rupp dodupp doduerch goen. Ech mengen se huet exzellent kommunizéiert. An et muss een awer och soen: D'Bierger hu matgemaach. Dës Regierung huet jo elo net géint de Bierger eng Kris geréiert, mee d'Gesondheetskris hätte mer net esou an de Grëff kritt, wann d'Bierger net matgespillt hätten. An d'Bierger waren esou wäit ech dat kann aschätzen awer verstänneg."

Den Erny Gillen betount, mam Deconfinement géif een an eng nei Situatioun kommen. D'Regierung misst dofir elo anescht mat de Bierger an d'Gespréich kommen, wéi an der akuter Phas vun der Kris.

Zesumme mat siwen anere Vertrieder aus der Zivilgesellschaft beréit den Erny Gillen d'Regierung an den nächste Wochen op dësem Wee aus dem Confinement. Dëse Grupp huet dës Woch eng éischte Kéier mam Premier a mat der Gesondheetsministerin geschwat. An den nächste Woche sollen et reegelméisseg esou Gespréicher ginn. Och d'Ombudsman Claudia Monti, déi dësen Dënschdeg zesumme mam Erny Gillen bei eis am Interview war, ass an där Kommissioun.

Hëllef am Prisong

Zu Schraasseg huet en éischte Prisonéier sech mam Coronavirus infizéiert. Hie wier net mat anere Prisonéier a Kontakt gewiescht, mee just mat zwee Gardienen. Déi wieren elo a Quarantän gesat ginn, seet d'Claudia Monti am 100,7-Interview.

Als Ombudsmann kontrolléiert si, datt d'Grondrechter vun de Prisonéier respektéiert ginn a wéilt d'Situatioun am Prisong weider am A behalen:

"Wann ech mierken, datt et eppes bréngt, wann ech eragi fir d'Leit ze rassuréieren - da wäert ech dat och maachen. Bis elo ass et iwwer Telefon gaangen, well si dierfe mir wärend de Bürosstonnen zu all Moment uruffen. Et besteet och eng Méiglechkeet, wann e Besoin do ass, fir mat mir ze skypen. Mir probéieren also schonn do Presenz ze weisen."

Onsécherheet an der Bevëlkerung

Als Ombudsmann huet d'Claudia Monti och an der Kris genuch ze dinn. Si hätt zwar net onbedéngt méi ze dinn, dofir wier si awer mat anere Problemer confrontéiert wéi soss, esou d'Claudia Monti: et wier eng grouss Angscht an Onsécherheet an der Populatioun, well net richteg gewosst wier, wat op een duerkéim a wéi verschidden Decisiounen ze applizéiere wieren.

Net jiddweree géif direkt déi richteg Formulairen erëmfannen a géif net wëssen, ob e betraff wier. De Langage juridique géif och an der Kris dee selwechte bleiwen, an et géif Explikatiounsbedarf ginn.

Et wieren awer déi selwecht Leit, déi bei d'Claudia Monti géife kommen. "Ech géif just soen, déi fragil Leit, déi virdrun an enger schwéierer Situatioun waren, déi ruffen elo vläicht nach méi massiv un", seet si.

"Well wann et der net gutt geet zu normalen Zäiten, da geet et der natierlech nach e bësse méi schlecht, wann d'Zäiten net esou gutt sinn. Dat heescht, déi hunn hir üblech Ulafstellen och net méi. Wat si virdru bei der Assistante sociale konnten nofroen, dat froen si elo bei eis no."

Een Haaptproblem wieren nach ëmmer Formulairen, wou d'Leit keng Hëllef méi kéinte kréien. "Dir kënnt zu Beispill net méi bei ee goen, deen Iech hëlleft déi Formulairen auszefëllen, well dir se vläicht musst iwwer Internet ausfëllen. An dat muss een elo alles iwwer Telefon arrangéieren", zielt d'Claudia Monti.