Déi detailléiert Programmgrille fannt Dir hei
En neit Talk-Format an eng Emissioun op Englesch
An der neier Emissioun Am Gespréich, vu méindes bis freides géint 12:40, gëtt enger Perséinlechkeet am labbere Gespréich op den Zant gefillt.
Freides vun 18:00-20:00 kuckt d'Emissioun an englescher Sprooch Connecting, wat déi auslännesch engleschsproocheg Communautéiten hei zu Lëtzebuerg beweegt. Eng Emissioun, déi den Usproch huet, d'Leit, déi hei am Land wunnen, méi no zesummenzebréngen.
All Dag Korrespondenzen aus dem Ausland
De grousse Rendez-vous mat der Aktualitéit an deenen, déi se maachen, d'Emissioun Riicht eraus, kënnt zeréck op hir al Plaz um Samschdeg Mëtteg. Vun 12:00 u gëtt eng Stonn mat engem oder méi Acteuren aus der Politik, der Ekonomie, Kultur oder dem Gesellschaftsliewen iwwer de Fong vun de Sujeten diskutéiert.
All Dag am Programm: Europa Aktuell, ee Bléck hanner d'Kulisse vun der EU, géint 7:20 an Aktuelles, de Rendez-vous mat den 100,7-Korrespondenten aus der ganzer Welt um 12:15.
Nei um Sonndeg ass de Panorama schonn um 09:00, an Noriichten vun 08:00 un zu all voller Stonn.
Tockcity an nei Museksemissiounen
Tockcity heescht déi nei Museksemissioun mat de leschte Releasen: de Mike Tock garantéiert vu méindes bis donneschdes vun 18:00-20:00 dee richtege Start an den Owend.
De Soul kritt seng eegen Emissioun: Mat Groove a Séil, samschdes um 19 Auer, mam Rico Querin.
Duerno elektronesch Musek: um 21:00 Dance Beats mam Cleveland senger neier Emissioun Palatino FM, an um 22:00 de Richard Heinemann mat méi experimentellen elektronesche Kläng am E-Lodie.
A wann Al Schanken richteg lassleeën, da rockt et: de Mike Tock an de Fred Medernach loossen et all Freideg um 21:00 rabbelen.
Eng nei Kanneremissioun
HéLéLa heescht de Rendez-vous fir Kanner a Jugendlecher tëschent 8 an 12 Joer samschdes um 13:00: Experimenter, wëssenschaftlech Decouverten, Noriichten, Lauschterstécker a Geschichten ...
E gemittleche Sonndeg mat klassescher Musek, Jazz a Swing
Sonndes ass vun 11:00-14:00 klassesch Musek virgesinn, mat Invitéen, Matschnëtter vu Live-Concerten an och Live-Iwwerdrounge vu Saarbrécken.
Vu 15:00 u geet et weider mat Jazz a Swing: den New Cotton Club transportéiert Iech gemittlech duerch de Sonndeg Nomëtteg.