Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ried zur Lag vun der Natioun soll verréckelt ginn

Politik

D'Ried zur Lag vun der Natioun soll verréckelt ginn

Anescht wéi virgesi wäert de Premier Xavier Bettel een Dënschdeg an der Chamber keng Ried zur Lag vun der Natioun halen: amplaz soll et an der Chamber eng weider Deklaratioun vum Regierungschef am Kontext vun der Corona-Pandemie ginn. Dat war haut op Nofro hi vum Staatsministère respektiv vun der Chamber gewuer ze ginn.

auto_stories

1 min

Foto: CHD.lu

D'Ried zur Lag vun der Natioun soll eventuell op den Hierscht verréckelt ginn. De Grond fir d'Verréckele wier, datt de globalen Impakt vun der Corona-Kris nach ongewëss wier, an deemno nach keng Conclusioune méiglech wieren, heescht et an engem Bréif vum Staatsministère un d'Chamber.

Dowéinst proposéiert de Premier d'Ried ze reportéieren. D'Conférence des présidents vun der Chamber soll sech muer de Moie mam Theema beschäftegen.