D'Rockhal op Esch-Belval kritt Informatioune vum radio 100,7 no en neie President. Den aktuelle President vum Etablissement public "Centre de Musiques Amplifiées", Jean-Claude Bintz huet Wëlles, aus perséinleche Grënn ze demissionéieren. Dat huet de Kulturministère dem radio 100,7 confirméiert. De Ministère wier am gaangen, iwwer dem Jean-Claude Bintz seng Successioun un der Spëtzt vun der Rockhal nozedenken, huet et op Nofro hi geheescht.
Enn 2014 hat de Geschäftsmann Jean-Claude Bintz als Nofolger vun der Journalistin Josée Hansen de Presidenteposte bei der Rockhal iwwerholl, fir e Mandat vu fënnef Joer.
Am Verwaltungsrot vun der Rockhal gouf et rezent e weidere Wiessel. D'Sängerin a Professerorin am Stater Conservatoire Leany Sealy huet Enn Januar den onofhängegen Artist Serge Tonnar als Member ersat.
De "Centre de Musiques Amplifiées" kritt dëst Joer eng staatlech Dotatioun vu ronn 2,6 Milliounen Euro.