Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Russland-Enquête ass public, de President feiert

Mueller-Report

D'Russland-Enquête ass public, de President feiert

No enger bal zwee Joer laanger Enquête gouf endlech dem Robert Mueller seng Russland-Enquête public gemaach. An iwwer 400 Säite kënnt de Spezial-Enquêteur zur Conclusioun, datt Russland sech effektiv an d'Wahlen 2016 agemëscht huet, mee datt et ni zu enger Zesummenaarbecht tëschent Moskau an der Trump-Wahlequipe koum. Am Wäissen Haus gouf nees gefeiert, mee d'Detailer vun der Enquête waren net all positiv fir den amerikanesche President.

auto_stories

3 min

448 Säiten am Ganzen. D'Enquête vum Robert Mueller ass elo an den Hänn vun all Amerikaner, inklusiv natierlech vun de Mataarbechter vum Donald Trump a vun den Demokraten, déi weider wëlle géint den Donald Trump enquêtéieren.

E puer Säiten an honnerte Sätz feelen awer, well déi vum Justizminister zenséiert goufen, well hien zum Beispill Source wëllt beschützen oder d'Detailer vun aneren aktiven Enquêten net wëllt public maachen.

"No collusion"

D'Conclusioune vum Spezialenquêteur kann een esou resuméieren: éischtens, Russland huet sech effektiv an d'Presidentschaftswahlen agemëscht. Zweetens gouf et keng Zesummenaarbecht tëschent der Trump-Campagne a Russland. An drëttens ass et guer net kloer, ob den Trump probéiert huet, d'Justiz ze behënneren.

D'Conclusioun vum President a vu senger Equipe ass, datt si fräigesprach goufen an datt elo esouguer géint d'Enquêteuren enquêtéiert géif ginn. Den Donald Trump huet positiv reagéiert bei engem Evenement mat verletzten Zaldoten am Wäissen Haus:

"Si ameséiere sech gutt haut, an ech och. Et gouf keng Mataarbecht a keng Behënnerung vun der Justiz. Dat gouf et ni a wäert et och ni ginn. Mir mussen elo erausfannen, wéi et dozou koum. Esou eng Enquête soll ni geschéien, ech soen et virun eise Frënn hei, de verletzten Zaldoten, esou eppes soll ni méi mat engem President geschéien. Esou eng falsch Enquête soll ni méi mat engem President geschéien."

An deene 448 Säite gëtt et vill Detailer, déi dësem President awer wéidinn. Et gëtt gewisen, wéi dacks hien effektiv wollt d'Enquêten, an domat d'Justiz, behënneren. Just seng Mataarbechter am Wäissen Haus a seng Affekoten hunn hien dovun ofgehalen. Och gesäit ee wéi russesch Agenten an d'Regierung probéiert hu Membere vun der Trump-Campagne ze iwwerzeegen, datt Russland kéint mat der Zesummenaarbecht vun der Wahlequipe eng Victoire vum Donald Trump erméiglechen.

D'Grief bleiwen

Washington bleift no der Publikatioun vun der Enquête weider, oder ëmmer méi, an zwee gespléckt. Demokrate gesinn en Dokument, dat déi ganz Presidence vum Donald Trump a Fro stellt. Republikaner sinn der Meenung, datt eng Hexejuegd op en Enn komm ass.

Den Dag zu Washington hat ugefaange mat enger Pressekonferenz vum Justizminister William Barr. E Mann, dee vum Trump fir säi Posten nominéiert gouf, an deen de President verdeedegt huet:

"Wéi Dir an der Enquête vum Spezialenquêteur gesitt, gouf et keng Zesummenaarbecht tëschent Membere vun der Trump-Wahlequipe an der russescher Regierung beim Amëschen an eise Wahlen. Ech si mir sécher, datt all Amerikaner meng Suergen deelen iwwer d'Amësche vun der russescher Regierung an eise Presidentschaftswahlen. D'Enquête vum Spezialenquêteur weist kloer, datt déi russesch Regierung probéiert huet sech an eis Wahlen anzemëschen, mee wéinst dem Spezialenquêteur senger haarder Aarbecht wësse mir elo, datt déi russesch Agenten, déi dës Taktiken ausprobéiert hunn, ni d'Mataarbecht vum President Trump oder vun der Trump-Campagne haten."

Demokraten am Kongress wäerten dës Conclusioune benotze fir hir Enquêtë weiderzefeieren. Si wëllen, datt de Spezialenquêteur Robert Mueller am Kongress temoignéiert, a si wëlle weider ënnersichen, ob de President net dach probéiert huet, d'Justiz ze behënneren.

D'Mueller-Enquête ass no bal zwee Joer eriwwer. De Mangel u klore Conclusioune wäert déi mannste Leit berouegen.