Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Schüler prett maache fir d'21. Joerhonnert"

Informatik am Klierfer Lycée

"D'Schüler prett maache fir d'21. Joerhonnert"

De Klierfer Lycée mécht beim Bildungsprogramm "Jidderee ka programméieren" vun der US-amerikanescher Technologie-Entreprise Apple mat. Schüler solle léieren, Applikatiounen z'entwéckelen. Hien hätt seng Séil net un Apple verkaaft, seet den Direkter Jean Billa.

auto_stories

2 min

De Lycée des Arts et Métiers an den neie Lycée Edward Steichen zu Klierf participéieren un der Bildungsinitiativ "Jidderee ka programméieren" vun der US-Technologie-Entreprise Apple. Et geet drëm, fir jonke Leit bäizebréngen, wéi si Applikatioune fir mobil Geräter entwéckelen.

Am September soll de Lycée zu Klierf opgoen. D'Bildungsinitativ vun Apple soll een Deel vum pädagogesche Projet sinn, seet den Direkter Jean Billa.

"Net just Nerds"

De Klierfer Lycée wéilt awer net just Informatiker ausbilden. "Mir si keng Schoul, déi Nerds wäert ervirbréngen, déi am knaschtegen T-Shirt bei Chips a bei Cola um Computer sëtzen", seet de Jean Billa. Et wéilt een d'Schüler prett maache fir d'21. Joerhonnert. Kreatiivt Denken, Kollaboratioun a Strategië fir Problemer ze léisen wiere Kompetenzen, déi een duerch d'Programméiere kéint fërderen.

D'Fro ob et den Technologie-Konzerner mat esou Initiativen net prioritär ëm hir kommerziell Interesse geet, kréichen den Educatiounsminister an hien dacks gestallt, seet de Jean Billa. "Ech krut schonn e puer mol gesot, dir verkaaft Är Séil un Apple."

Dat misst een awer méi nuancéiert gesinn. Zënter zwee Joer géif all Schüler zu Lëtzebuerg Office 365 zur Verfügung gestallt kréien. "Dat ass also en anere global Player." Et misst ee realistesch soen, datt d'Produite vun deenen zwou Firmaen an all Bureau géife benotzt ginn.