Radioen

On air

Resonanzen  |  Léon Boëllmann - Zwee Stécker fir Cello a Piano, Op. 31, II. Menuet. Allegro - Trio Parnassus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sécherheet kënnt virum Danzen

Eng Danzschoul a Covid-Zäiten

D'Sécherheet kënnt virum Danzen

Zanter dëser Woch funktionéiert de Commerce erëm zu groussen Deeler. Muséeën a Bibliothéike konnten hir Dieren nees opmaachen, mee nach ass de Lockdown net iwwerall eriwwer. D'Gastronomie ass nach zou, an och am kulturelle Liewe si mir nach wäit ewech vun der Normalitéit. Theateren, Kinoen a Concertssäll sinn nach ëmmer gespaart fir de Public, an och d'Plazen, wou jonk Talenter ausgebilt kënne ginn, däerfen nach net all mat der Ausbildung virufueren. Danzschoule musse bis op Weideres hir Studioen eidel loossen.

auto_stories

3 min

D'Sara Eden ass d'Proprietärin vun enger Danzschoul am Süde vum Land. Hir Passioun fir den Danz huet mat véier Joer ugefaangen, an huet si bis haut net méi lassgelooss, och wa si scho virun enger ganzer Rei vu Joren d'Säite gewiesselt huet. D'Sara Eden steet net méi selwer op der Bün, mee gëtt, zesumme mat aneren Enseignanten hir Passioun un déi nächst Generatioune vun Dänzerinnen an Dänzer virun. Zanter dem Lockdown, Mëtt Mäerz a bis op Weideres, mussen d'Danzschoulen am Land awer zoubleiwen.

"Am Ufank hätt si gehofft, datt een den 30. Mäerz kéint virufueren. Dunn no der Ouschtervakanz, mee elo hunn ech ëmmer nach keng Anung wéini mer kënne weiderfueren, an dat nodeems mir elo bal zwee Méint zou sinn."

D'Passioun vun der Sara Eden ass nach ëmmer do, mee no zwee Méint, déi hir Danzschoul elo zou ass, mierkt een awer, datt et der Patronne vun dësem klenge Betrib, enger Independante, lues awer sécher un d'Substanz geet. Si huet nach keng Sue kritt, obwuel si all déi néideg Pabeieren ausgefëllt huet, an "et ass einfach net méiglech, deen heite Beruff vun doheem aus ze maachen", seet d'Sara Eden.

Prekär ekonomesch Situatioun

Dëse forcéierte Stopp an der Ausbildung vun de gréisstendeels jonken Dänzerinnen an Dänzer hemmt natierlech d'Fortschrëtter, déi d'Schüler vun enger Danzschoul kënne maachen. Dowéinst ass de virtuelle Kontakt wichteg. Et ass een einfach forcéiert sech unzepassen. An Online-Course géif een de Schüler elo Danzstonne bidden, déi op zwee Quadratmeter kënnen nogedanzt ginn.

Dat garantéiert awer net, datt wann, am Hierscht eventuell, nees regulär Danzcourse méiglech ginn, och all d'Schülerinnen a Schüler dee Wee zeréck an hir Danzausbildung fanne wäerten, obschonns sech d'Schülerinnen deels zesummen dinn, fir "à distance" mateneen ze danzen an esou a Kontakt ze bleiwen.

Ekonomesch ass d'Lag awer prekär fir dës an aner Danzschoulen am Land. D'Personal, dat d'Sara Eden beschäftegt, profitéiert wuel vum Chômage partiel, mee eng ganz Rei Käschte lafe virun. Eng Partie Eltere vun Danzschüler hunn dowéinst op Facebook eng Aktioun gestart.

"Ech froe wierklech net, dat drëtt Trimester ze bezuelen, well keng richteg Course sinn. Si hunn awer eng Facebook-Säit gemaach, wou si opruffen eng Contributioun fir dëst Trimester ze maachen, fir datt ech ka weiderfuere fir alles ze bezuelen."

Grouss Solidaritéit

D'Solidaritéit mat der Danzschoul ass also do. Eltere si bereet fir Coursen ze bezuelen, déi net sinn. En attendant den Duerno. En Duerno, dee fir Danzschoule wéi der Sara Eden hir, awer nach komplett onkloer ass. D'Danzproff wäert awer och an Zukunft d'Sécherheet vun de Schüler als gréisst Prioritéit behandelen. Si kéint sech awer net virstellen am Studio mat Mask ze danzen. "Danz ass eng expressiv Konschtform, an ech weess net, wéi et sollt goen."

Eng Ouverture, an där just individuell Course kéinten assuréiert ginn, ass fir d'Sara Eden net virstellbar, well iwwer dee Wee Käschten a Fraise vun enger Danzschoul net kënne gedeckt ginn.

Normalerweis erstellt eng Danzschoul och ronderëm Päischte schonn d'Stonnepläng fir d'Rentrée am Hierscht, eng Aufgab, déi ënner den aktuelle Konditiounen an ouni ze wëssen, wéi et mat der sanitärer Kris virugeet, net ze maachen ass. Et bleift also villes an der Schwief fir d'Dänzerinnen an Dänzer, déi aktuell eng forcéiert Paus an hirer Ausbildung maache mussen.