Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Sensibilitéit ass einfach net do"

Haislech Gewalt

"D'Sensibilitéit ass einfach net do"

Lëtzebuerg huet eent vun de progressiivste Gesetzer a ganz Europa fir Frae géint haislech Gewalt ze protegéieren, dat seet d'Direktesch vum Nationale Fraerot.

auto_stories

2 min

Fraen, déi doheem Affer vu Gewalt sinn, géifen ëmmer nees op Schwieregkeete stoussen, esou d'Anik Raskin. Zum Beispill, wa si wëllen eng Plainte bei der Police maachen. Vill Affer géife sech schlecht behandelt fillen, wa si eng Plainte maache ginn. Et géifen zwar méi Plainten opgeholl ginn, mee d'Sensibilitéit wier "einfach net do". Et géif een d'Gefill vermëttelt kréien "Wat méchs du dann hei? Firwat gees de dann net einfach fort?"

Iwwer d'Thema schwätzen

Iwwer déi nächst zwou Woche wëllt de Fraerot op haislech Gewalt opmierksam maachen. Fir d'Anik Raskin ass et wichteg, datt et de Betraffene Visibilitéit gëtt. Beim Lancement vun der Orange Week wieren et vill emouvant Momenter ginn, wou Leit aus dem Publikum temoignéiert hunn. "Ech mengen, datt dat hinne Kraaft gëtt, an datt et de Phenomeen visibel mécht." Et wier wichteg, fir doriwwer ze schwätzen.

Sou Aktiounen hätte wéineger en direkten Impakt op d'Situatioun vun de Leit, mee et géif éischter drëm goe fir d'Thema an d'Gespréich ze bréngen, an datt Leit sech Gedanken doriwwer maachen. D'Leit géifen erféieren, wa si konkret Zuelen a Statistike gesinn.

D'lescht Joer ass d'Police hei zu Lëtzebuerg a 739 Fäll wéinst haislecher Gewalt intervenéiert.


Wärend der Orange Week sinn zu Lëtzebuerg ronn 20 Aktivitéite geplangt. Als Highlight ass de Samschdeg eng Marche solidaire vum Glacis bis bei d'Chamber.

Virun der Soirée de Lancement hunn d'Organisatricë vum Conseil National des Fermes au Luxembourg dem Lara Bousch d'Detailer vum Programm erkläert. Et gouf och perséinlech Erzielunge vu Fraen an hirem Liewe mat Gewalt.

De Reportage vum Lara Bousch lauschterenplay_arrow