Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Servicer vun dräi Spideeler regroupéieren

Spidolswiesen

D'Servicer vun dräi Spideeler regroupéieren

Déi medezinesch Versuergung soll am ganze Süde vum Land garantéiert bleiwen, seet den Dr. Hansjoerg Reimer. De Generaldirekter vun den dräi Spideeler am Süde vum Land ënnerstraicht, Diddeleng an Déifferdeng solle weider eng Poliklinik behalen, wann dat neit Südspidol zu Esch opgeet.

auto_stories

2 min

D'Servicer vun den dräi Kliniken zu Esch, Diddeleng an Déifferdeng sollen awer an e puer Joer am neie Südspidol zu Esch regroupéiert ginn:

"Allen 3 Sitte sollen zougemaach ginn, wat déi medezinesch Versuergung am Beräich vun der Akutmedizin ugeet. Mam Südspidol, wäerte mir een Zentrum zu Esch kréien. A mir wäerten déi medezinesch Versuergung da mat Polikliniken, souwuel zu Diddeleng, wéi zu Déifferdeng, garantéieren."

"Aktivitéit vum Spidol weist sech net un Zuel vun de Better"

Dat neit Spidol zu Esch kritt awer manner Better, wéi déi dräi aktuell Kliniken. Den Hansjoerg Reimer betount, datt och wann ee manner Better hätt, dat net géif bedeiten, datt ee manner géif schaffen. "Mir wäerte vill méi ambulant schaffen: also dee berühmte Virage à l'ambulatoire, deen an alle Spideeler stattfënnt, wäert och bei eis stattfannen."

Momentan géifen et eng 140 Stellplazen, déi een all Dag zwee bis dräi mol géif benotzen. "Dat heescht: d'Aktivitéit vun engem Spidol weist sech an Zukunft net méi un der Zuel vun de Better, mee un deem, wat déi Gesondheetsprofessionell do un engem Dag leeschten.", seet den Hansjoerg Reimer.

D'Käschte vum Südspidol ginn am A behal

De Generaldirekter vum geplangte Südspidol ass bis elo "ganz zefridden" iwwer d'Zesummenaarbecht mam Architekt Albert Wimmer. D'Wahl vum Architekt war d'lescht Joer kritiséiert ginn, well hien zu Wien eng Klinik gebaut huet, déi vill méi deier gëtt wéi geplangt. Hei zu Lëtzebuerg wier awer alles gemaach ginn, fir esou eng Situatioun ze verhënneren, esou den Dokter Hansjörg Reimer:

"Vue datt mir selwer wëssen, datt et dohannen eskaléiert ass, wat d'Finanzen ubelaangt, kucke mir do ganz, ganz propper drop. Mir hunn intern an extern Kontrollen. De Gesondheetsministère an och de Finanzministère kucken do mat drop. Mir wäerten alles maachen, fir datt mir wat Zäit a wat d'Käschten ubelaangt net aus dem Rudder schloen."

Zu Diddeleng soll d'Poliklinik mat engem Fleegeheem fir Demenzkranker kombinéiert ginn. Fir de Site zu Déifferdeng misst awer nach e geneet Konzept aus geschafft ginn, esou den Hansjoerg Reimer. D'Südspidol soll fréistens 2024 opgoen - hei sollen dann déi medezinesch Servicer regroupéiert ginn, déi am Moment op Esch, Diddeleng an Déifferdeng verdeelt sinn.