Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Situatioun ännert sech vu Stonn zu Stonn"

E Lëtzebuerger ënnerwee op d'ukrainesch Grenz

"D'Situatioun ännert sech vu Stonn zu Stonn"

De Boris Bilan ass zanter gëschter Owend ënnerwee fir vum Houwald aus op déi polnesch-ukrainesch Grenz ze kommen. Voll gepaakt bis uewenhi wäert hien Donen an ee Spidol bréngen. Um Réckwee wëllt hien Ukrainer op der Flucht mat op Lëtzebuerg bréngen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Bei Chemnitz war de Boris Bilan de Moie kuerz no néng Auer ënnerwee. Hien ass net sou gutt virukomm wéi geduecht, seet hien. Zanter e Samschdeg de Moien hat hien net méi geschlof, eng Paus war tëschenduerch néideg. De Boris Bilan kënnt aus Polen a wunnt zanter 20 Joer hei am Land, hien huet eng Plënnerfirma um Houwald. D'Decisioun fir seng Aarbecht leienzeloossen an ze hëllefe war eng spontan.

Hie wier säin eegene Chef a géif maachen, wat hie fir richteg géif fannen. D'Cliente géifen hien och verstoen a seng Rendez-Vousen hätte just missten ëm e puer Deeg verréckelt ginn.

Videomessagen déi hien op Facebook post weisen hien ënnerwee, den Auto voll mat Hëllefsgidder. Onverdierflecht Iessen, mee och Saache fir Kanner a Puppelcher, déi hien no engem Opruff déi lescht Deeg gesammelt huet. Seng éischt Statioun ass ee Spidol, op der polnescher Säit, wou ukrainesch Kanner a Fraen ënnerbruecht sinn. Dono geet et weider Richtung Grenz mat der Ukrain. Wéi a wéini weess hien net sou genee, trotz Kontakt mat Associatiounen op der Plaz.

"D'Situatioun ännert sech vu Stonn zu Stonn. Et kann also sinn, datt ech eleng muss eens ginn a da muss kucke wouhin ech d'Donen op d'Grenz bréngen."

Fir zeréck wëllt hien Ukrainer mat op Lëtzebuerg bréngen

Fir zeréck ass de Plang fir Ukrainer mat op Lëtzebuerg ze bréngen. Och hei weess de Boris Bilan nach keng Detailer, huet sech awer preparéiert.

"Ech hunn e puer Ukrainer gefrot, fir mir ee Banner ze maachen, wou op Ukrainesch drop steet datt ech wëll Leit mat op Lëtzebuerg huelen, gratis. Fir de Rescht muss ech improviséieren. Well mäin Opruff viral gaangen ass, hunn och vill Leit sech bei mir gemellt a gefrot wéini ech wou sinn."

Déi nächst Stonnen dierften also spannend gi fir de Mann vu Lëtzebuerg. Iwwert eng nei gegrënnt Facebooksäit "Host families for refugees of war in Ukraine/Luxembourg" hu sech jiddefalls schonn eng ganz Partie Residente gemellt, déi Plaz ugebueden hunn fir Mënschen aus der Ukrain opzehuelen.