Radioen

On air

Notturno  |  Anna Mieke - Twin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et gëtt keng einfach Léisungen

Sproochepolitik

Et gëtt keng einfach Léisungen

An engem komplexen, méisproochege Schoulsystem ass et wichteg, d’Kanner op Liesen a Schreiwen an enger Sprooch virzebereeden. Dat war eng vun de Konklusiounen an der Emissioun “Riicht Eraus”. Diskutéiert hunn den Edukatiounsminister Claude Meisch, d’CSV-Deputéiert Martine Hansen an déi zwou Wëssenschaftlerinne Claudine Kirsch a Sonja Ugen.

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock / Morganlstudios

D’Schüler mussen op d’Liesverstoen an enger Sprooch virbereet ginn, mengt d’Sonja Ugen. Der Fuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg no hätte Kanner, déi doheem Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzen, Virdeeler beim Liesverstoe wann se an d'Primärschoul kommen. "D’Alphabetiséierung op Däitsch ass eng gutt Saach, well Däitsch ass vun der Schrëftsprooch eng konsistent Sprooch. Et ass relativ einfach domat de Prinzip vum Liesen ze léieren."

D'Ënnerscheeder géife sech allerdéngs net beim Lieseléiere mee beim Liesverständnis weisen, esou d’Sonja Ugen. “Aus eisen Donéeë geet ervir, dass Schüler, déi doheem Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzen, am drëtte Schouljoer besser beim Liesverstoen ofschneide wéi Schüler, déi eng romanesch Sprooch doheem schwätzen. Déi Schüler mussen nämlech dann nach eng zousätzlech Friemsprooch leieren”.

Virbereedung op d’Liesverständnis

Aus dem nationale Bildungsmonitoring geet ervir, dass ëmmer manner Kanner doheem Lëtzebuergesch als éischt Sprooch schwätzen. Am Schouljoer 2013/2014 sinn et just nach 45%. Ee Véierel vun de Kanner schwätzt portugisesch doheem, de Rescht eng aner Sprooch.

D’Alphabetiséierung op Däitsch wier méi einfach wéi op Franséisch, seet d’Claudine Kirsch. Der Sproochewëssenschaftlerin no misste Kanner mat Migratiounshannergrond als éischt emol Lëtzebuergesch léieren. “An dat ass sécherlech nach net ofgeschloss wann se mat sechs Joer an d’éischt Schouljoer kommen". Well d’Alphabetisatioun am éischte Schouljoer op Däitsch gemaach gëtt, wier d’Fro, firwat d‘Kanner dann net schonn am Précoce mat Däitsch a Kontakt kommen, berechtegt.

D’Sproochkonzept an de Crèchë vum Educatiounsminister Claude Meisch gesäit vir, Lëtzebuergesch weider als Integratiounsprooch ze fërderen an d’Kanner dobäi mat der franséischer Sprooch ze familiariséieren. Den Ament leeft e Pilotprojet an aacht Crèchen, deen nach vum Educatiounsministère muss evaluéiert ginn.

Dem Claude Meisch no wier d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen an de Kontakt mat der franséischer Sprooch an der Crèche wichteg, well net nëmmen d’Kanner mat Migratiounshannergrond Schwieregkeeten an der Schoul hätten, mä och d’lëtzebuergesch-sproocheg Kanner. An dat virun allem mat der franséischer Sprooch.

Wéi eng Alphabetisatioun?

D’CSV-Deputéiert a fréier Héichschoulministerin Martine Hansen bezweiwelt, ob et Sënn mécht, Franséisch esou fréi ze fërdere wann d’Kanner herno op Däitsch alphabetiséiert ginn.

Am Koalitiounsprogramm hat d’Regierung eng eventuell Alphabetiséierung op Franséisch virgesinn. Aus dem Plang wier awer näischt ginn, esou de Claude Meisch. “Elleng d’Alphabetiséieren op Franséisch ass net d’Äntwert op eis Problemer. Mir musse kucken, wou d’Kanner hirkommen. Doheem schwätzen se Lëtzebuergesch oder eng aner Sprooch, an der Crèche gëtt dann d’Lëtzebuergescht gefërdert, an da géife mer se op Franséisch alphabetiséieren.”

Dat wier manner kohärent, esou den Educatiounsminister, wéi wann d’Kanner am éischte Schouljoer op Däitsch géifen Alphabetiséiert ginn. D’Alphabetiséierung op Franséisch géif allerdéngs op verschiddene Plazen ugebuede ginn, zum Beispill an der Internationaler Schoul zu Déifferdeng.

Dass d’Kanner sech mat enger Sprooch familiariséieren, kéint och an eng negativ Richtung goen, fënnt d’Claudine Kirsch. Et wier eng Saach vu Kompetenzen a Vu-sech-sécher-fille vum Personal, esou d’Fuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg. ”Fir eng Situatioun ze schafen, déi kommunikativ ass a wou souwuel franséisch Kanner wéi och Lëtzebuerger Kanner, déi guer kee Franséisch kënnen, weider léieren, dat ass schwéier ënnert een Hutt ze kréien”.

Pilotprojet schwéier ëmzesetzen

D’Martine Hansen bezweiwelt, ob d’Crèchen d’Kapazitéiten hunn, sech selwer ee Konzept ze schaafe fir d’Sprooche bei de klenge Kanner ze fërderen. Der CSV Deputéiert no géif de Projet vun der multilingualer Fréifërderung net op een honnert-prozenteg wëssenschaftlecht Konzept baséieren an et géif kee konkret Zil ginn.

D’Zil vun den aacht Pilotcrèchë wier et net, e präzise Projet ze testen an z’evaluéiren, esou d'Reaktioun vum Edukatiounsminister. Villméi géif et dorëms goen, ze kucken, wéi eng Methoden déi bescht wieren, sou de Claude Meisch. Fir d’Rentrée d’nächst Joer soll d’Konzept vun der méisproocheger Fërderung an de Crèchen dann op d’ganzt Land verbreet ginn. Den Ament läit de Gesetzesprojet nach beim Staatsrot.

Och d'Martine Hansen mengt, et wier wichteg, d’Virkompetenze fir d’Sproochen ze léieren ze fërderen. Allerdéngs "soll dat eréischt vum Précoce u gemaach ginn". Der CSV-Politikerin no géif deenen Elteren, déi hir Kanner doheem wëllen erzéien, e schlecht gewësse gemaach ginn. “Wann d’Fréifërderung vun de Sproochen an der Crèchen eppes géing bréngen, da wieren déi Kanner, déi doheem opwuessen, jo am Nodeel wann se herno géifen alphabetiséiert ginn”.

Sprooch beaflosst Naturwëssenschaften a Mathé

Dem Claude Meisch no sollen d’Kanner, déi doheem opwuessen, genee ewéi d’Kanner, déi an d’Crèche ginn, déi selwecht Chancë kréien, fir sech op d'Sproochesituatioun an der Schoul virzebereeden. “Ech denken, dass do nach eng Rei kommunikativ Efforte musse gemaach gi fir d’’Elteren drop opmierksam ze maachen, wat se kënnen doheem maache fir déi kommunikativ Kompetenze vun de Kanner ze fërderen ouni dass se hiert d’Kand mussen an d’Crèche ginn”.

Dass d’Sprooch en Afloss op d’Naturwëssenschaften an op d’Mathé huet, do ware sech alleguerten d’Invitéen eens. Dem Martin Hansen no wier den Afloss souguer duebel. “Mir maache ganz einfach manner Naturwëssenschafte wéi aner Länner, well de Fokus op de Sprooche läit”. Donieft hätt de Wiessel vun Däitsch op Franséisch an deene Fächer een Afloss.

De Grand-Duché louch beim internationale PISA-Ranking an de Beräicher Naturwëssenschaften, Lies-Verständnes a Mathematik iwwerall ënnert der Moyenne vun den OECD Länner.

Afloss op d’Naturwëssenschaften

An de Lëtzebuerger Lycéeë wiere Studie gemaach ginn, déi den Afloss vun der Sprooch op ganz einfach mathematesch Aufgabe weisen, esou d’Sonja Ugen. D’Resultater hätte gewisen, dass d’Schüler ganz einfach Aufgabe méi einfach op Däitsch léisen. D’Martine Hansen huet d’Fro opgeworf, ob een all de Schoulen hei am Land soll proposéieren, d’Mathé op Däitsch a Franséisch unzebidden.

Dem Claude Meisch no hätt d’Fuerschung zu Lëtzebuerg an dem Beräich nach eng grouss Aufgab viru sech. Den Ament géif et eng Approche am Schoulsystem ginn, déi eng langue véhiculaire och an den net-Sproochefächer definéiert. “Mir ginn dovunner aus, dass mir doduerch och déi Sprooch besser kënne vermëttelen. Wa mir zum Beispill Mathematik op franséisch maachen, da léieren d’Kanner och franséisch dobäi”. Allerdéngs géif et kee Beweis ginn, dass dat och sou wier, esou den Educatiounsminister. “ Den Ament géif an zwee Lycéeë getest ginn, ob d’Resultater an der Mathematik net besser wiere wann se op Däitsch gemaach gëtt."

Dass et keng einfach Léisung gëtt, dorops huet de Claude Meisch dann nach eemol opmierksam gemaach. Lëtzebuerg hätt mat villen ënnerschiddleche Komplexitéiten an der Sproochepolitik ze dinn.