Radioen

On air

Notturno  |  Office Culture - Hard Times In The City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kampf nach net gewonnen"

Terrormiliz Boko Haram

"Kampf nach net gewonnen"

Boko Haram kämpft zënter 2009 fir en islamesche Staat am Norde vu Nigeria ze installéieren. Zwee Joer ass et elo hier, datt de Grupp 270 Fraen entfouert huet. Zäitweis huet den islamisteschen Terrorgrupp en Territoire sou grouss wéi d'Belsch kontrolléiert. Lues a lues hëlt hieren Afloss zwar of, mee d'Gefor bleift.

auto_stories

5 min

D'Geschicht vu Boko Haram huet am Norde vu Nigeria ugefaangen (©Bigstock)

Am Joer 2001 gouf Boko Haram am Norden vu Nigeria gegrënnt, eng aarm Regioun an engem gréisstendeels aarme Land. An eng Regioun, déi sech alleng gelooss gefillt huet, wéi de nigerianesche Journalist Nicholas Ibekwe erklärt: "Et gouf keng grouss Präsenz vun der Regierung do. D’Leit hunn eng Grupp gebraucht, déi hinne gehollef huet, hier Interessen ze vertrieden an eppes ze erreechen". Boko Haram huet dës Roll iwwerholl. Si hu Bauerebetriber a Geschäfter gegrënnt, Kreditter ginn. "Ganz séier ass Boko Haram sou zu enger Regierung  bannent enger Regierung ginn", sou den Nicholas Ibekwe. Besonnesch bei jonke Moslemen huet de Grupp vill Uklang fonnt. 

Ausgangspunkt vun der Geschicht vu Boko Haram war, datt den Ustaz Mohammed Yusuf, Grënner vum Grupp, eppes wollt a sengem Bundesstaat Borno änneren. Lues a lues huet hien sech radikaliséiert. "Wéi hien 2009 op enger Policestatioun erschoss ginn ass, huet säi Nofolger zum Kampf opgeruff: géint d'Regierung, de Militär, géint d'Chrëschten, de moderaten Islam. An am Laf vu kuerzer Zäit huet hien Dausende Memberen rekrutéiert", erkläert de Robert Kappel, Afrika Spezialist vum däitschen GIGA Institut (German Institute of Global and Area Studies).

Fréier Regierung als Grond fir Verbreedung vum Grupp

Op Hausa, där Sproch déi a Westafrika am meeschte geschwat gëtt, heescht Boko Haram sou vill wéi “Bicher sinn eng Sënn” oder och “westlech Bildung verbueden”. Boko Haram huet zeitwäis en Territoire vun der Gréisst vun der Belsch kontrolléiert. Mat der Entféierung vu ronn 270 Schülerinnen, Mëtt Abrëll 2014, ass Boko Haram an der internationaler Aktualitéit een Thema ginn. Mee scho Joere virdrun huet de Grupp Gewalt an Terror verbreet. Regelméisseg gouf et Iwwerfäll op Moscheeën, Kierchen, Policestatiounen, dorënner och Selbstmordattentater vun Eenzeltäter. "Hier Strategie ass ganz wäitleefeg a flexibel", seet de Robert Kappel, deen vun enger "Totaliséierung" vum Kampf vu Boko Haram schwätzt

Ëmmer nees stoung d' Regierung vum fréiere nigerianesche President Johnathan Goodluck am Kader vu Boko Haram an der Kritik, well net genuch géint d’Terrorgrupp gemaach gouf. Dëst wier deelweis de Grond wisou d’Terroristen sech esou konnten ausbreeden, sou de Robert Kappel. Allerdéngs hätt déi nei nigerianesch Regierung vum Muhammed Bahuri aus de Feeler vun der Vergaangenheet geleiert. "An de läschte Méint ass d'Basis vu Boko Haram ëmmer méi kleng ginn. An der Tëschenzäit kann een dovun ausgoen, datt de Grupp keng fest Stützpunkter méi huet", seet de Robert Kappel weider.

"Kampf nach net gewonnen"

Duerch de Verloscht vun Territoire ass Boko Haram, zënter dem Changement vun der Regierung d’lescht Joer, däitlech méi schwaach ginn, analyséiert den däitsche Fuerscher. Och bei der Bevëlkerung ass d'Ënnerstëtzung fir Boko Haram zréckgaang. Trotzem: Et bleiwen 6000 bis 8000 aktiv Kämpfer, déi sech iwwer d'Land verdeelen. "De Kampf géint Boko Haram ass also nach net gewonnen", sou de Robert Kappel

De nigerianesche Journalist Nicholas Ibekwe bleift och, trotz alle Fortschrëtter, kritesch, virun allem vis-à-vis vun den Aussoen vun der nigerianescher Regierung. "Ech kafen der Regierung net of, wann se seet, datt Boko Haram keen Territoire méi a Nigeria kontrolléiert, well dat stëmmt definitiv net. D’Terrorgrupp kontrolléiert nach ëmmer e puer lokal Regierungen, dei ee mat eenzelne Quartieren an de Stied ka vergläichen". 

D’Regierung vum President Muhammadu Buhari hat d’lescht Woch Mesuren annoncéiert, fir fréier Boko Haram Kämpfer ze rehabilitéieren – iwwer Aaarbechtsmesuren, zum Beipill. Dëst bewäert den Afrika-Expert Robert Kappel als ganz positiv: "Déi Mesure komme just ze spéit. A wa sech net gronsätzlech eppes ännert am Aarmenhaus Nigeria, da fanne Gruppen wéi Boko Haram ëmmer erëm Zousproch".