Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA loossen hir alliéiert Kurden am Stach

Chronik

D'USA loossen hir alliéiert Kurden am Stach

Déi tierkesch Offensiv an Nord-Syrien huet schonn zu Doudesaffer geféiert. De Regime vum tierkesche President Erdogan gëtt vun alle Säite kritiséiert, och vun den USA, awer net esou richteg. Well ugefaangen huet dëst Militärmanöver mat enger Decisioun vum US-President Donald Trump.

auto_stories

2 min

De Philip Crowther ass 100,7-Korrespondent an den USA: Foto: Archiv

Den amerikanesche President soll sengem tierkesche Géigeniwwer an engem Uruff d'gréng Luucht ginn hu fir dem Erdogan seng Offensiv an Nord-Syrien, an an en Territoire, wou dee Moment nach ongeféier 50 amerikanesch Zaldote stationéiert waren. Déi goufe vum Donald Trump ewech geschéckt, well si sollten net am Wee stoe vun engem groussen a laang annoncéierten tierkescher Ugrëff op d'Kurden.

Mat just 50 Leit op där Grenz konnten d'USA all Ugrëff vun der Tierkei bremsen. Wéi si fort waren, stoung d'Dier wäit op fir dem Erdogan seng Truppen.

Trump: Keng rout, mee eng Luucht

Den amerikaneschen Ausseministère seet, datt den Donald Trump an deem fir d'Kurden trageschen Uruff mam Erdogan kee Choix hat. Den Erdogan wollt ugräifen an näischt géif him am Wee stoen. Fir si ze beschützen, seet d'Trump-Regierung, wieren déi amerikanesch Truppe fortgeschéckt ginn.

Dat soll keng gréng Luucht gewiescht sinn, seet d'Regierung. Nee, den Trump soll esouguer eng rout Luucht ginn hunn, an deem hie säi Géigeniwwer gewarnt huet, et kann een et net anescht beschreiwen, d'Kurden op eng humanitär Aart a Weis unzegräifen, an dobäi wann ech gelift keng Krichsverbriechen a kee Genozid ze maachen.

Den Donald Trump verzeit Verbriechen

Sanktioune kéint et der gi vu Säite vun der Regierung a vum amerikanesche Kongress. Mee dat war et dann och schonn. Nees schéngt en auslännesche Staatschef et gepackt ze hu vum Donald Trump seng Verbrieche verzeien ze loossen.

De Kim Jong-un, de Mohammed bin Salman, de Vladimir Putin, an elo de Recep Tayyip Erdogan, all hu si eng Zort gréng Luucht vum amerikanesche President kritt. An Nord-Korea gi Rakéitentester net kritiséiert. Russland gëtt fir säin Amëschen am amerikanesche Wahlkampf bestrooft. Saudi-Arabien kann ouni gréisser Konsequenzen e Journalist ëmbréngen, an d'Tierkei däerf den Alliéierten ugräifen, ouni Konsequenz.