Radioen

On air

Notturno  |  Maale Gars - Berlin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vertraue vun de Bierger zeréckgewannen

DiEM 25

D'Vertraue vun de Bierger zeréckgewannen

Den 9. Februar 2015 gouf zu Berlin eng nei pan-europäesch lénk Beweegung gegrënnt fir d'Europäesch Union radikal ëmzestrukturéieren. D'Beweegung Democracy in Europe Movement 2025 - oder kuerz DiEM25 - huet zanterhier an alle westeuropäesche Länner Sektiounen etabléiert an ass zanter leschtem Oktober och zu Lëtzebuerg vertrueden.

auto_stories

4 min

D'Europäesch Unioun muss demokratiséiert ginn oder se wäert zerfalen - dat ass de Motto vun der neier Beweegung DiEM25, déi vum fréiere griichesche Finanzminister Yanis Varousfakis gegrënnt gouf a geleet gëtt. DiEM25 ass aus der europäescher Finanzkris entstanen. D'Kris hätt gewisen, wéi ontransparent a bürokratesch d'EU gi wier.

Ontransparent, ondemokratesch a bürokratesch

De Yanis Varoufakis selwer huet sech während der griichescher Finanzkris en Numm gemaach, well hie sech vehement der Aféierung vu Spuermoossname widdersat huet. Schonn deemools huet de Varoufakis der EU virgehäit, ondemokratesch ze handelen a vun uewe Mesuren ze imposéieren, déi d'Griichen an der Majoritéit ofleenen.

Dëse Reproche fënnt een och nees am Manifest vun der Beweegung DiEM25. De Brice Montagne, ee vun de Matbegrënner vun DiEM25 zu Lëtzebuerg erkläert, datt et just een Organ an der EU géif ginn, dat wierklech demokratesch ass, an dat wier d'Europäescht Parlament. Gläichzäiteg wier et dat schwächst Organ an et wier fir d'Bierger vun der EU doduerch enorm schwéier fir sech Gehéier ze verschafen.

Iwwer d'Grenzen zesummeschaffen

Well d'Beweegung grenziwwerschreidend agéiere wëllt, stinn déi zwou lokal Gruppen zu Lëtzebuerg an enkem Kontakt mat auslännesche Sektioune vun DiEM25. Am Abrëll zejoert ass d'Gianna Merki - eng portugisesch Aktivistin vun DiEM25 - zum Beispill op Lëtzebuerg komm fir Portugisen a Lëtzebuerger mat portugisescher Ofstamung mam Projet bekannt ze maachen an och nei Membere fir déi lokal portugisesch Sektiounen ze gewannen.

Nieft der transnationaler Kooperatioun versicht d'Beweegung awer och, mat nationale lénksgeriichte Parteien a Gruppen zesummenzeschaffen, woubäi et wichteg wier, datt dës Gruppéierungen de Bierger Europa wéilten zeréckginn.

D'Vertraue vun de Bierger zeréckgewannen

D'Beweegung wëllt versichen an d'Europäescht Parlament gewielt ze ginn. Fir dëst Zil ze erreeche gouf eng nei europäesch Partei gegrënnt, déi sech Europäesche Fréijoer nennt an déi sech am Mee 2019 fir d'éischte Kéier un den Europawahle bedeelege wëllt. DiEM25 versteet sech also als Pro-Europäesch a basisdemokratesch.

Mee Europa misst nei opgestallt gi fir déi momentan Krisen ze iwwerwannen an d'Vertraue vun de Bierger zeréckzegewannen. Dofir missten déi europäesch Traitéen erneiert ginn an eng wierklech europäesch Konstitutioun op d'Bee gestallt ginn, déi net vu Bürokrate geschriwwe gëtt, mee vun de gewielte Leit. Dës Volleksvertrieder sollen dann zu 25 Prozent vun nationale Lëschte kommen, zu 25 Prozent vun transnationale Lëschten, zu 25 Prozent ausgeloust ginn an zu 25 Prozent vu regionalen a lokale Lëschte stamen.

Kritik un DiEM25

D'Beweegung huet a kuerzer Zäit vill prominent Ënnerstëtzer gewonnen. Ënner de groussen Nimm fënnt een zum Beispill de slowenesche Philosoph Slavoj Zizek, de Wikileaks-Grënner Julian Assange oder nach déi amerikanesch Akademikerin Naomi Klein.

D'Beweegung ass awer och schonn op vill Kritik gestouss. Déi däitsch SPD-Politkerin Gesine Schwan huet der Beweegung zum Beispill virgeworf, ee falscht Bild vun der EU ze schafen. D'EU wier sécherlech net perfekt awer gläichzäiteg och keng demokratiefräi Zon, wéi den Discours vun DiEM25 et verstoe loosse kéint. Ähnlech Argumenter huet och de gréngen Europadeputéierte Sven Giegold benotzt, deen de Varoufakis beschëllegt huet, populistesche Bréissel-Bashing ze bedreiwen. Hie geheit der Beweegung och vir, selwer net transparent ze sinn an och ënner Demokratiedefizit ze leiden.

Am Géigesaz zu anere lénke Beweegunge wéi Attac, den Indignados oder der Occupy Beweegung, kéint DiEM25 och den Androck ginn, vun enger intellektueller Elite gedroen ze ginn, déi aus bekannte Politiker, Kënschtler an Akademiker besteet. Och der lëtzebuergescher Sektioun kéint een de Reproche maachen, en Demokratiedefizit ze hunn - schliisslech goufe béid Gruppe vun Auslänner gegrënnt a weise bis elo och wéineg lëtzebuergesch Memberen op. De Brice Montagne widdersprécht, datt zu Lëtzebuerg iwwer 40 Prozent vun der Bevëlkerung keng Lëtzebuerger wieren, mee eng Majoritéit wier awer europäesch. Meeschtens géifen déi national Parteien och just d'Nationalbierger vun engem Land uspriechen.

D'Beweegung gëtt sech Zäit bis 2025 fir d'Ëmstrukturéierung europawäit anzeféieren an d'EU méi demokratesch ze maachen - dohier och de Numm DiEM25.