Déi meeschte Kanner, déi an de Michel Lucius an d'Schoul géife goen, géif souwisou multilingue opwuessen, seet d'Pascale Petry. "Déi hu vläicht d'Lëtzebuerger Schoul besicht, si hunn och vläicht ee vun den Elterendeeler, déi Lëtzebuerger Originnen huet. Mee wat heescht dat schonn haut am Kontext?" Hirer Meenung no kéinten d'Kanner nieft de renge Schoulsproochen, nach weider Sprooche schwätze kënnen.
"An do ass et dann normal, dass d'Elteren och kucken, wou gi se dono op eng Uni hin? Wéi ass am Gaang sech d'ganz Welt ze änneren? Wéi ee Stellewäert hu verschidde Sproochen? An déi sech da ganz aktiv fir eis international Klassen dann och hei decidéieren."
Grondschoul a Secondaire ënner engem Daach fonctionnéiert gutt
De Michel Lucius huet a senger Offer nieft verschiddene Formatiounen am Regime vum Secondaire général och international englesch Klassen, 7ème bis 1ère, mee och - an dat ass manner bekannt - 1. bis 6. Schouljoer. Si wëllt keng direkt Ausso doriwwer maachen, ob et géif Sënn maache fir d'Grondschoul an de Secondaire ënner een Daach ze bréngen, seet d'Pascale Petry. Aus hire perséinlechen Erfahrungen eraus géif dat allerdéngs gutt fonctionnéieren, sou datt dat fir si am Lycée Michel Lucius scho géif Sënn maachen.
"Mir hunn dann och d'Enseignanten aus dem Primaire, aus dem Secondaire, déi vill matenee schaffen, vill Austausch hunn, vun de Fächer hir, awer och ganz kloer vun den eenzele Besoinen, déi d'Kanner hunn. Ob se elo zum Beispill "special education needs" hunn, wat och flott ass, dass mer do d'Kanner kennen wa se op Septième kommen. A schonn ier mer déi éischt Erfarunge maachen a si scho verschidde Barrière begéinen, wou mer schonn dat kënne plangen. Mat de Familljen, mat den Enseignanten aus der Primärschoul."
2025 soll de Lycée Michel Lucius iwwregens vum Lampertsbierg op de Kierchbierg plënneren, wou nei Gebaier fir Lycée a Grondschoul solle gebaut ginn.