"Et ginn al Haiser, et ginn Haiser, déi virun 30-40 Joer gebaut goufen, an et gi modern Haiser, mat engem Confort, deen net vergläichbar ass mat deenen, déi virun 80 Joer gebaut goufen." Wann een als iewescht Gebot de Schutz vun de Leit an engem Haus hätt, da kéint een net fir jiddwer Haus déi selwecht Reegelen applizéieren, mee et misst een op déi jeeweileg architektonesch Begebenheeten reagéieren.
Verstäerkt no de vulnerabelste Leit gekuckt
An den Altersheemer wier bei engem klengen Deel vun de Bewunner e psychesche Schued entstanen, well si wärend dem Confinement keen direkte Kontakt mat hirer Famill konnten hunn, sou de Marc Fischbach. Et kéint een awer dovun ausgoen, datt déi meescht Bewunner de Lockdown duerch déi speziell d'Efforte vum Personal gutt iwwerstanen hätten, mee verschidde Leit hätten och Ängschten duerchgemaach, déi een et ënnerschätzen dierft an deenen hier Auswierkungen nach net kënnen evaluéiert ginn. Dat kéint bis hin zu Depressioune goen, sou de Marc Fischbach. No deene Leit, déi méi ënner den Auswierkunge vum Lockdown ze leide gehat hätten, hätt d'Personal och verstäerkt gekuckt.