Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wëssenschaft ënner Drock

Corona-Pandemie

D'Wëssenschaft ënner Drock

Wéi kann een aus dem gesellschaftlechen a wirtschaftleche Stëllstand wéinst der Corona-Pandemie nees erauskommen? Doriwwer gëtt weltwäit gerätselt a gefuerscht. D'Politik versprécht séier Léisungen - wärend d'Wëssenschaft nach op kloer Erkenntnisser waart. Egal wéi d'Exit-Strategie ausgesäit: d'Droe vu Masken an der Ëffentlechkeet misst zur Léisung dobäi gehéieren, seet de Mikrobiolog an Infektiolog Michel Pletschette vun der Uni München.

auto_stories

4 min

Soulaang keng Impfung do ass, géifen et net vill Optioune ginn, fir eng Pandemie vun dëser Envergure wierklech konsequent ze stoppen oder am Grëff ze behalen, mengt de Michel Pletschette. All Exit-Strategie géif nëmmen da funktionéieren, wann een de Confinement géif verlängere bis iwwerhaapt kee Fall méi do wier, sou wéi dat a China de Fall ass. "An da waart een d'Inkubatiounszäit of, an da mécht een nees alles op."

An deem Fall géif ee Risikoen agoen, well et a China trotzdeem nees e puer Fäll géif ginn. "Oder et mécht een eng Strategie, déi op eng honnertprozenteg Couverture vum Territoire mat Depistage, an eng honnertprozenteg Couverture vun der Populatioun mat Masken opgebaut ass", seet de Michel Pletschette.

Europäeschen Akafsprogramm ee gutt Instrument

Mee souwuel bei den Tester wéi och bei de Maske ginn et weltwäit Engpäss. Éier hien an d'Fuerschung gaangen ass, huet den Dokter Pletschette wärend 20 Joer zu Bréissel bei der EU-Kommissioun am Beräich vun der Gesondheetspolitik geschafft.

De gemeinsamen europäeschen Akafsprogramm fir medezinescht Material a Medikamenter, deen 2009 no der Schwéngsgripp ageféiert gouf, wier am Prinzip ee gutt Instrument, fënnt de Michel Pletschette. Mee dës Kéier hätt e versot, well d'Memberstaaten net mat der Wourecht erausgeréckelt wieren.

Confinement net ze séier ophiewen

Kloer ass fir de Michel Pletschette, datt de Confinement vun de Leit bei sech doheem net ze séier dierf opgehuewe ginn. De Problem wier, datt et nach wéineg prezis Erkenntnisser ginn, wéi de Virus sech genee verbreet. Datt Éisträich schonn dës Woch éischt Butteker nees wëllt opmaachen, wier eng riskéiert a wëssenschaftlech net fundéiert Decisioun:

"Do ass de Verdacht grouss, datt dat eng reng politesch Moossnam ass. D'Regierung wëllt gutt do stoen, datt et net zum wirtschaftleche Chaos kënnt wéi an anere Länner, déi gezwonge sinn de Lockdown ze behalen, wéi Italien. Et stellt sech net nëmmen d'Fro, op wat dat berout, mee och, wat dat fir déi aner Länner bedeit. U sech ass dat Verhalen extrem onsolidaresch, et ass och net mat deenen anere Länner ofgeschwat."

Et géif sech och d'Fro stellen, ob Éisträich wierklech déi néideg Testcapacitéiten hätt, fir d'Optriede vum Virus genee ze iwwerwaachen, esou de Michel Pletschette.

Antikierper-Tester op eng laang Zäit

Fir ze wëssen, wéi staark de Virus iwwerhaapt schonn an der Bevëlkerung verbreet ass, gi lo weltwäit Etüde lancéiert, déi ënnersichen, ob d'Leit Antikierper géint den neiaartege Coronavirus hunn. Antikierper gi bei enger Infektioun produzéiert, och wann ee keng Krankheetssymptomer entwéckelt.

Well op de Virus selwer haaptsächlech Leit mat Symptomer getest ginn, kann een esou d'Donkelziffer vun den net bekannten Infektiounen ermëttelen. Fir dës Etüd géif een an 3.000 Stéit zu Münche goen, déi no engem absolutten Zoufallsschema ausgesicht ginn.

"An da kucke mir Woch fir Woch, wéi den Antikierperspigel steigt oder och fält, besonnesch och an Zesummenhank mat de Kanner. Domat wëlle mir dann eng Iddi kréien, wéi de Virus sech an engem klengen Territoire verbreet, wéi dat an Zesummenhank steet mat Symptomer vun de Leit, oder och mat hire Liewensgewunnechten. An Däitschland gëtt et jo eng Kontaktspär. Dat heescht: Gëtt et een Ënnerscheed tëschent Leit, déi nach e bëssi erausgaange sinn, an déi bëssi Kontakt haten oder vill Kontakt haten. An all déi Informatioune kënne mir da sammelen, fir d'Regierung ze informéieren, wéini a wou si kënnen déi Moossnamen nees ophiewen. Zum Beispill d'Spillschoulen, d'Schoulen oder d'Geschäfter erëm opmaachen."

Geplangt wier, fir déi selwecht 3.000 Stéit, also am Ganze ronn 4.500 Leit, wärend engem Joer reegelméisseg ze testen. Dat géif och erlabe séier ze gesinn, ob a wou genee de Virus sech nees méi séier verbreet, wann eenzel Restriktiounen, déi den Ament gëllen, nees opgehuewe ginn.

De Lëtzebuerger Dokter Michel Pletschette ass um Institut fir Infektiouns- an Tropemedezin zu München un enger Etüd iwwer d'Verbreedung vum Virus bedeelegt.