Corona-Kris D'Zesummeleeë vun de Schoulklassen

Vun e Méindeg u ginn d'Schoulklassen erëm zesummegeluecht. Dës Decisioun stéisst op Kritik. D'Zesummeleeë virun der Vakanz géif souwuel sanitär, wéi och organisatoresch Problemer mat sech bréngen.

Stephan Polet / cbi

Klassesall
Foto: Bigstock / smolaw

Déi verschidde Lycéeë ginn ënnerschiddlech mat der neier Situatioun ëm. Den Direkter vun der Akerbauschoul, Tom Delles, hat beim Ministère eng Derogatioun ugefrot, fir d'Andeelung an A- a B-Gruppe weider bäibehalen ze kënnen. Hien hätt hei Bedenken, wat déi sanitär Situatioun ugeet.

En anere Grond fir seng Ufro wiere Fäll vu vulnerabele Schüler a Proffen, déi bis elo awer komm sinn, well d'Gruppenandeelung déi néideg Sécherheetsofstänn méiglech gemaach huet. Verschidde Leit, souwuel vum Personal wéi och vun de Schüler, hätten och Bedenken a wiere bereet, fir op en Zertifikat vum Dokter zeréckzegräife fir net méi ze kommen, well si Angscht hätten, esou den Tom Delles.

D'Proffekonferenz vun der Akerbauschoul huet sech an engem Communiqué hanner hiren Direkter gestallt. Den Tom Delles seet awer, datt hien nach keng Äntwert vum Ministère krut an dofir elo en Zesummeleeë vun de Klasse vun e Méinden u plangt.

Educatiounsministère verteidegt d'Decisioun

De Lex Folscheid aus dem Educatiounsministère seet, datt hien näischt vu esou enger Ufro wéisst. Hie verteidegt awer d'Decisioun, d'Klassen nees zesummenzeleeën. D'Zuelen an d'Informatiounen, déi ee vum LIH hätt, géife weisen, datt d'Schoul net déi Plaz wier, wou de Virus sech am meeschte weiderverbreet.

De ganzen Interview mam Lex Folscheid lauschteren

Iechternach: keng Maskeflicht an de Klassen

Och den Direkter vum Lycée zu Iechternach, den Henri Trauffler, huet Bedenken, wat déi sanitär Implicatioune vum Zesummeleeë vun de Klassen ugeet. Hie betount awer, datt déi aner Sécherheetsmesurë weider en place bleiwen. Am Klassesall géif et bei him am Lycée awer keng Fliicht ginn, eng Mask unzehunn, ausser den Enseignant géif drop halen. An deem Fall misst eng Mask ugedoe ginn, preziséiert den Henri Trauffler.

De Ministère huet keng Maskeflicht ausgesprach. Souwuel de Lycée zu Iechternach, wéi och d'Akerbauschoul, wëllen de Mask awer weiderhin obligatoresch maachen, soubal de Klassesall verlooss gëtt.

Méi zum Thema

Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Educatioun

Den Educatiounsminister Claude Meisch informéiert d'Press iwwer zousätzlech Deconfinementsmesuren am Beräich vun der Educatioun. Suivéiert d'Pressekonferenz live am Video.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen