Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vum Pëtrolspräis

Ekonomie

D'Zukunft vum Pëtrolspräis

D’Internationale Energieagence IEA huet dës Woch hire Joresrapport virgestallt a Prognose fir d’Zukunft gemaach. Virun allem de Präis vum Pëtrol dierft an den nächste Joren däitlech méi instabil ginn. Afloss op de Pëtrolspräis kéinten nieft den OPEC-Staaten awer nach aner – zum Deel onerwaarten – Acteuren hunn. Eng Wirtschaftschronik vum Matthias Kirsch.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

.An de leschten zwee Joer gouf et fir de Präis vum Pëtrol just eng Richtung: No ënnen. D’Offer um Weltmarché ass esou grouss, wéi zënter laangem net méi. An nom Atom-Deal mam Iran an déi doropshi gelabbert Sanktioune geheit e weideren Acteur masseg Gewiicht an d’Wo. Mat där Entwécklung kéint et awer geschwënn eriwwer sinn – dat ass jiddefalls d’Meenung vun der IEA. D’Energieagence geet vun enger héijer Volatilitéit vum Präis an den nächste Joren aus.

Dofir ginn et e puer Grënn: Op der enger Säit spillt Offer an Demande weider déi gréisste Roll. D'Decisioune vun de Pëtrols-Export-Staaten OPEC (Organization of the Petroleum Exporting Countries) an d’Entwécklungen am Fracking-Secteur kënne weiderhi kuerzfristeg groussen Afloss op de Pëtrolspräis huelen.

Afloss duerch d'Autosindustrie

Donieft kéint awer och e ganz aneren Acteur an Zukunft de Präis beaflossen: Europa. Kee produzéiert méi Autoen wéi europäesch Entreprisen. VW a Renault geheiren zu de gréisste Produzenten op der Welt. An d’Entwécklung vum Autosecteur wäert och eng grouss Roll an der Entwécklung vum Pëtrolspräis spillen. D’IEA geet dovun aus, datt sech d’Unzuel vun Autoen an den nächste 25 Joer weltwäit wäert verduebelen – a gläichzäiteg ginn d’Autoen awer ëmmer méi effizient. Am Idealfall sollen d’Autoen an Zukunft just nach mat Stroum fueren – also onofhängeg vum direkte Pëtrolsmarché.

Datt Europa an déi richteg Richtung geet, weist d’Positioun vun eisen däitschen Noperen. D’Heemescht vu VW, BMW a Porsche ass fir hier Léift zu Autoe bekannt – an hëlt trotzdem eng Leaderpositioun. Vun 2030 un sollen, wann et nom Bundesrat geet, just nach emissiounsfräi – also Elektro – Autoen op den däitsche Stroosse fueren.

Elektroautoen an Europa

Un deem Plang gëtt och scho monter geschafft. D’Produzenten Daimler a VW hunn zesumme mat BMW ugekënnegt, bis 2018 en däitschlandwäit Netz un E-Tankstellen ze realiséieren. Mee, dat Ganzt geet natierlech iwwer Däitschland eraus. Wa ganz Europa virum Rescht vun der Welt op Elektroautoen ëmklëmmt ... wann déi europäesch Autosproduzente mat E-Modelle Virbild kënne ginn, dann huet Europa d’Chance fir säin ekonomescht Gewiicht och endlech um Pëtrolsmarché spillen ze loossen. E Marché, op deem d’Europäer just nokucken a virun all Uelegkris Angscht hunn.

Mir hunn also alleguer – zumindest theoretesch – d’Méiglechkeet, d’Prioritéite vum Energiesecteur an den nächste Jore matzebestëmmen – virun allem mat eisem Choix vun Auto. Natierlech heescht Elektroauto fueren net, datt mir Pëtrol fir näischt méi brauchen. Mee da wier an Zukunft – zumindest fir de risegen Autosecteur, an zum Deel och eis Autosfuerer – d’Zukunft vum Pëtrolspräis egal.