Et ass problematesch fir d'Schuman-Gebai z'erhalen, heescht et vum Fong Kierchbierg. Et wier technesch onméiglech, fir Wunnengen ze schafen an dësem Gebai vun Ufank vun de 70er Joren.
Déi gréng Deputéiert Josée Lorsché confirméiert, datt d'Robert Schuman-Gebai um Kierchbierg soll verschwannen. "Et soll ofgerappt ginn, well et net méi den aktuellen Uspréch gerecht gëtt." Et wier a kengem gudden Zoustand, och wat d'Energieeffizienz an d'Sécherheet ugeet.
"Eng Moundlandschaft"
An enger Orientéierungsdebatt iwwer déi grouss staatlech Infrastrukturprojete soll d'Chamber um Mëttwoch de Mëtteg hire prinzipiellen Accord ginn, fir datt am Detail studéiert ka ginn, wat um Site vum Schuman-Gebai soll geschéien.
Eng Mëschung aus klenge Geschäfter, Logementer a Lokaler fir liberal Beruffer wéi Doktere wier ugeduecht, seet d'Josée Lorsché. Déi ganz Plaz soll méi lieweg ginn. Momentan géif si "bësse wéi eng Moundlandschaft" ausgesinn.
Den historesche Sëtzungssall
Historesch wäertvoll am Schuman-Gebai ass de Sëtzungssall, deen an de 70er Jore fir d'Plenière-Sëtzunge vum Europa-Parlament genotzt gouf. Rieds geet vun der Méiglechkeet, datt d'Enveloppe vum Schuman-Gebai ofgerappt gëtt, de Sall awer kéint erhale ginn.
Et géif nach keng Etüden oder Pläng dozou ginn, seet d'Josée Lorsché. Eréischt wann d'Regierung vun der Chamber den Accord kritt hätt, kéint analyséiert ginn, ob de Sall kéint oprecht erhale ginn. "Et gëtt och nach keng Estimatioun, wat dat Ganzt soll kaschten."
Dem Infrastrukturministère no wier nach keng definitiv Entscheedung gefall, ob d'Schuman-Gebai ganz oder nëmmen zum Deel ofgerappt gëtt. Et wier awer eng Intentioun, fir de Plenière-Sall an iergendenger Form z'erhalen. Dem Josée Lorsché no wier ugeduecht, datt eventuell e Lieu de mémoire kéint entstoen, iwwert d'Entwécklung vun den europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg.
De Service Sites et Monuments gouf rezent nach net mat enger Denkmalschutz-Analyse iwwert d'Schuman-Gebäi befaasst.
Viru ronn 15 Joer goufen et Pläng fir een Ëmbau vum Schuman-Gebai fir d'Nationalbibliothéik: dës Pläng goufe spéider verworf.