Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun der Pëtrolsproduktioun

OPEC-Sommet

D'Zukunft vun der Pëtrolsproduktioun

Zu Wien kommen haut d'OPEC-Staaten zesummen, fir iwwer den zukünftegen Niveau vun der weltwäiter Pëtrolsproduktioun ze diskutéieren. D'OPEC ass e Kartell vu Pëtrolexportéierende Länner. Och Pëtrolsexportateuren, déi net Member vun der OPEC sinn, wei zum Beispill Russland, kommen e Samschden an enger vergréisserter Ronn dobäi. D'Interesse vun de verschiddene Pëtrolsexportateure leien awer wäit auserneen.

auto_stories

3 min

Den iranesche Minister fir d'Pëtrolsindustrie, Bijan Zanganeh, hat am Virfeld gesot, datt hien net dovun ausgeet, datt ee sech dëse Weekend wäert eenegen. Virun allem Russland a Saudi-Arabien wëllen datt d'Offer um Pëtrolsmarché erhéicht gëtt. Russland, dat net Member vun der OPEC ass, wëll eng Erhéijung vun der Pëtrolsproduktioun ëm 1,5 Millioune Barrel den Dag.

De Bijan Namdar Zanganeh mengt net, datt d'OPEC sech eenege wäert. Archivfoto: picture alliance / Photoshot

Domat solle méigleche Réckgäng bei der Offer virgegraff ginn, wéi den Expert fir de Pëtrolsmarché vun der Kommerzbank, Karsten Fritsch erkläert: Russland a Saudi-Arabie géife gesinn, datt de Marché gréisstendeels ënnerversuergt ass, ënnert anerem wéinst der Wirtschaftskris am Venezuela an der Kris an der Pëtrolsproduktioun, déi domat verbonn ass. Dobäi géifen nach Ausfäll wéinst den U.S.-Sanktioune géint den Iran kommen.

Fir oder géint eng Erhéijung?

Produktiounsausfäll goufen et och an Angola an a Libyen. De saudeschen Energieminister Khalid al-Falih huet gemengt, datt een déi weltwäit Pëtrolsproduktioun op Mannst em eng Millioun Barrel den Dag erhéije misst. Soss kéint et an der zweeter Halschent vun 2018 zu Enkpäss kommen.

Virun allem Venezuela an den Iran wëlle keng méi héich Produktioun vu Pëtrol. Wann d'Offer um Marché an d'Luucht geet, geet de Präis erof. Béid Länner sinn awer op en héije Präis ugewisen. Och hu si am Moment net déi néideg Kapassitéite fir eng Erhéijung vun der Offer matzedroen. Si géifen also Undeeler vum Marché un hir Konkurrente Russland a Saudi-Arabien cedéieren.

Keng Decisioun ass schlecht fir d'OPEC

Bei der OPEC mussen Decisiounen unanime getraff ginn. Wann ee sech dëse Weekend zu Wien net eens gëtt, kéint dat laangfristeg Nodeeler fir d'OPEC hunn, mengt de Jonas Puck, Ekonomiesprofesser op der Wirtschaftsuniversitéit Wien.

"Wat da geschitt, ass datt de Präis weider eropgeet. D'OPEC huet Angscht, datt dann dat geschitt, wat virun zéng Joer scho geschitt ass. Do ass et zu enger Hausse vun der Produktioun vu Schieferueleg an den USA komm. Déi misst een dann nees vum Marché verdrängen. D'OPEC huet keen Interêt u Konkurrenz a muss de Pëtrolspräis dofir op engem Niveau halen, wou et sech fir U.S.-Investisseuren net lount a Schieferuelegproduktion ze investéieren."

2016 war de Pëtrolspräis immens gefall. Doropshin hat ee sech Ufank 2017 op eng Limitt bei der Produktioun ëm 1,8 Millioune Barrel den Dag gëeenegt. Duerch déi Rezent Produktiounsausfäll sinn eng weider Millioun Barrel den Dag ewechgefall.

Eng Kompromëssléisung

Kuerz virum Sommet huet sech den Iran méi kompromëssbereet gewisen. Och den Ekonomiesprofesser Jonas Puck geet dovun aus, datt ee sech um Enn op eng Erhéijung vun der Produktioun eenege wäert. "Déi wäert net sou héich si wéi Saudi-Arabien dat wëll, mee och net sou niddreg wéi sech den Iran dat virstellt. Ech schätzen, datt ee sech op e Kompromëss wäert eenege vu ronn enger hallwer Millioun Barrel den Dag", seet de Jonas Puck.