Radioen

On air

Notturno  |  Darcy James Argue's Secret Society - Ebonite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Da liewen ech net méi, well et mech esou mathëlt"

Flüchtlingen

"Da liewen ech net méi, well et mech esou mathëlt"

D'Waardezäite fir Demandeurs de protection internationale sinn der EU-Agence fir Fundamental Rechter (FRA) no, nach ëmmer ze laang an den EU-Memberstaaten. Dat bréngt eng Partie Problemer mat sech. Och zu Lëtzebuerg. Wéi erliewen Asyldemandeuren hir éischt Zäit am Land?

auto_stories

5 min

De Farez Rami

Nodeems an der Geschicht vun de Migratiounsbeweegungen d'Zuel vun Demandeurs d'asile an de leschte Joren nees erop gaangen ass, hu vill EU-Memberstaaten Problemer fir d'Asyldemandeuren adequat z'empfänken. Dozou gehéiert och Lëtzebuerg. Laut Eurostat sinn d'Demanden am Grand-Duché vun 2014 op 2015 ëm 129 Prozent geklommen. D'Problemer - a punkto Infrastruktur a Personal - wiere bekannt, soen d'Autoritéiten, déi u Verbesserunge schaffen. Mee wéi gesäit d'Situatioun den Ament fir d'Asyldemandeuren aus?

Am Foyer fir Flüchtlingen an Demandeurs de Protection internationale Don Bosco um Lampertsbierg, lieft den Tarek Alnabhan. Hien ass vun Damaskus. Hien war Employé um Kulturministère a Syrien, ass wéinst dem Krich geflücht a waart elo zënter néng Méint op en Asylinterview.

Keng Rou

Seng Fra a seng véier Kanner sinn nach an der Haaptstad vu Syrien a wieren a grousser Gefor, esou den Tarek Alnabhan. Firwat kéint hien net präziséieren, well hir Situatioun soss nach méi geféierlech wier. De Syrer seet sech iwwerrascht, datt d'Prozedur fir seng Famill op Lëtzebuerg ze kréien, esou laang géif daueren. Zënter deem datt hien zu Lëtzebuerg ass, huet hie si net méi gesinn. Et wier immens schwéier als Papp a Sécherheet ze sinn, wann d'Kanner nach a Gefor wieren. "Dat mécht mech verréckt. Ech schlofen net méi, wéinst dem ville Nodenken an der Angscht."

Den Tarek Alnabhan

Eréischt viru kuerzem krut den Tarek den Datum fir säin Asylinterview. Dee wier eréischt an zwee Méint. "Wann ech elo nach zwee Méint waarde bis den Interview ass, dann nach emol dräi bis véier Méint, bis ech de Statut kréien. An dann nach emol dräi bis véier Méint, bis meng Famill nokënnt ... da liewen ech vläicht net méi, well mech dat esou mathëlt."

Onsécherheet a laang Waardezäiten

D'Asylprozedur dierf am Ganze sechs Méint daueren. Bei engem groussen Afflux gëtt et awer eng Ausnameregelung vu bis zu 21 Méint. Der Europäescher Agence fir Fundamental Rechter no sinn d'Waardezäiten an den EU-Memberstaaten rezent liicht zréckgaangen, si wieren awer ëmmer nach ze laang. Dowéinst géif et Problemer bei der Familljenzesummeféierung ginn, mee och Problemer vu psychologescher Natur: Dëst, well d'Leit net wéisste wat mat hinne géif geschéien an den Integratiounsprozess net richteg kéint ufänken.

Den Tarek Alnabhan ass an deene néng Méint déi hien zu Lëtzebuerg ass, dacks bei de Ministère gaange fir sech ze renseignéieren, wou säin Dossier drun ass. Hien hätt awer keen anstännege Feedback kritt. D'Leit am Ministère wieren an der Regel fein, esou de Syrer. Mee et wier awer och een Employé derbäi, deen d'Refugiéen net gutt géif behandelen. "Ech war bei him an hu gefrot, wou mäin Dossier drun ass. Hie sot dunn op eng frech Aart a Weis an huet gejaut: 'Hunn ech dir eppes iwwer dech gesot? Da gëtt et och näischt fir dech ze mellen.'"

Fundamental Rechter respektéieren

Laut der Katya Andrusz, Porte Parole vun der European Union Agency for Fundamental Rights, missten d'Asyldemandeure während der Asylprozedur wëssen, wou si dru wieren a si misste mat Respekt behandelt ginn. Et géif bei der Asylprozedur net dorëm goen, datt jidderee géif bleiwen, mee dorëm fir erauszefanne wie bleiwe kéint. "De Punkt ass, dat an enger Manéier ze maachen, déi fundamental Rechter respektéiert." Datt d'Refugiéen net gutt iwwer hiren Dossier informéiert wieren, wier net akzeptabel. "Si musse fillen, datt si mat Respekt behandelt ginn." Dernieft missten d'Asyldemandeuren an adequaten Infrastrukturen ënnerbruecht sinn.

"Keng Transparenz"

Dem Porte-parole vun der Asti a Member am Flüchtlingsrot, Sérgio Ferreira no, gouf et an der lescht Verbesserunge bei der Asylprozedur, et géif awer zum Beispill nach bei der Transparenz happeren. Et wier wichteg, datt d'Demandeuren ee Feedback géife kréien, fir datt si wéisste wou si dru wieren. "Fir den Ament ass d'Transparenz net do." Et wier natierlech och net evident fir d'Direction de l'immigration, jiddereen am Detail z'informéieren. De Sérgio Ferreira wënscht sech awer eng aner Prozedur a Mesuren, wéi eng Tracabilitéit vun den Dossieren.

De Farez Rami aus Syrien wunnt no der Luxexpo an aacht Méint am Foyer Lily Unden, elo mat senger Famill an der Weilerbaach am Foyer. Och hie waart op den Asylinterview. Him läit awer och elo schonns d'Educatioun vu senge Kanner als Deel vun der Integratioun um Häerz. Seng Demande fir si aus der Classe d'accueil an eng normal Schoul ze kréien, géifen awer net accordéiert ginn. An der Classe d'accueil géifen si awer nëmme Frechheete léieren, esou de besuergte Papp.

Hien ass awer grad ewéi den Tarek Alnabhan immens dankbar, datt hien zu Lëtzebuerg ka sinn. Dat hunn déi Zwee ëmmer nees gesot.

Problemer mam Sécherheetspersonal

Eppes wat deenen Zwee awer en Dar am Aa ass, wieren - besonnesch am Foyer Lily Unden - verschidden, deels intolerant an inhuman Sécherheetsagenten, déi hir Kontroll muenchmol géife verléieren. Den Tarek Alnabhan seet, et hätte sech schonns vill Leit bei de Responsabele reklaméiert - ouni Erfolleg. De Farez Rabim erzielt, hien hätt senge Kanner virun e puer Méint emol wëllen e Stéck Brout siche goen. Do hätt hie Problemer mam Sécherheetspersonal kritt. "Dunn hunn ech geduecht, elo sinn ech e Papp deen et emol net hikritt fir senge Kanner eppes fir z'iesse sichen ze goen."

Vun der concernéierter Sécherheetsfirma Brinks, war keen Interview ze kréien. Beim OLAI heescht et, et wéilt ee sech zu konkrete Fäll net äusseren. Et wier awer wichteg, datt seriö Virwërf direkt géife gemellt ginn.

Der Katya Andrusz vun der European Union Agency for Fundamental Rights no gëtt et eng Hausse bei Gewalt an Haassverbrieche géint Migranten. Op de Fall mam Brout ugeschwat, gesäit si e Fall fir d'Justiz.
DeSérgio Ferreira vum Flüchtlingsrot seet, d'Sécherheetspersonal wier zwar prinzipiell forméiert, mee verschiddener géifen heiansdo opfalen an zum Beispill Reglementer ze strikt applizéieren. Wann et Problemer géif ginn, misst een awer proaktiv sinn.

Beim OLAI an der Immigratiouns-Direktioun vum Ausseministère géif een awer vill a mat guddem Wëlle schaffen. Et géif awer eng Vue d'ensemble feelen. Jidderee géif sech ze strikt op säi Beräich fokusséieren.