Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Porij - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Da maacht äre Buttek ouni eis!"

Oppositiounsaarbecht

"Da maacht äre Buttek ouni eis!"

Den Deputéierte vun déi Lénk huet d'Decisioun vun der Oppositioun, de leschten Dënschdeg de Plenum en bloc ze verloossen an deen Dag och net méi an d'Sëtzung zeréckzekomme verdeedegt. D'CSV hätt déi "komplett legitim" Demande gestallt fir ee Punkt op den Ordre du jour vun der Woch bäizesetzen.

auto_stories

3 min

De Refus vum Chamberspresident Fernand Etgen doriwwer ofstëmmen ze loossen, wier schlëmm genuch gewiescht fir de Protest vun der Oppositioun ze justifiéieren.

Wann d'Rechter vun den Deputéiert net méi wouergeholl ginn, de Chamberspresident géint de Chambersreglement géif verstoussen an domat eigentlech soe géif, datt Diskussiounen onnëtz wieren, well een d'Resultat scho géif kennen, da misst en Deputéierte seng Verantwortung huelen, esou d'Analys vum Marc Baum.

Police-Datebanken: Eng Enquêtëkommissioun soll hëllefen

De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, wonnert sech, datt zwee Ministere vun enger Partei an ähnlech gelagerte Fäll zu ënnerschiddleche Conclusioune kommen. Gemënzt war dat op déi zwee gréng Ministere François Bausch a Félix Braz. Während de Policeminister Bausch am Fall vun der Police-Datebank déi legal Basis nobesseren a verstäerke wëllt, gesäit de Justizminister Félix Braz am Fall vun der Justiz-Datebank keng Ursaach dozou.

De Marc Baum hofft, datt eng Enquêtëkommissioun zum Thema nach net komplett vum Dësch ass: allerdéngs fäert hien, datt d'CSV do retizent ass. Si wär net onbedéngt drun interesséiert, am Kader vun esou enger Kommissioun och d'Vergaangenheet opzeschaffen.

Verfassung: Déi gesamt Bevëlkerung punktuell consultéieren

Hie wier, "wéi all Mënsch", iwwerrascht gi vun der Ukënnegung vum CSV-President Fränk Engel, d'Reform vun der Verfassung wëllen ze blockéieren, wa se net anescht ugepaakt gëtt. D'CSV wëllt d'Leit jo a verschidde Froen nach eemol per Referendum tranchéiere loossen, éier en definitive Verfassungstext festgehale gëtt. Vum Prinzip hir wier dat eng Iddi, déi déi Lénk schonn zanter 2009 géife vertrieden. Inhaltlech hätte béid Parteien awer grondverschidde Virstellungen:

"An dat, wat jo erstaunlech ass, a wat eis jo och komplett vun der CSV ënnerscheet: mir géife gär wierklech seriö Debatte féieren iwwer déi grouss Mënschheetsfroe vum 21. Joerhonnert, déi eng Verfassung eigentlech misst abordéieren. Dat ass d'Klimafro, dat ass d'Fro vun de sozialen Inegalitéiten. An d'CSV probéiert et ze reduzéieren op d'Fro vun engem eenheetleche Wahlbezierk. Wou mir ganz dofir sinn. Just menge mir: Wann Dir d'Faass wëllt opmaachen, da kucke mir awer, datt mir och eng Verfassung vum 21. Joerhonnert kréien an net eng vum 20., wat déi aktuell Propos ass."

D'CSV wëllt dem Vollek jo nach eemol e puer Froe stellen, éier en definitiven neie Verfassungstext geschriwwe gëtt. Dat wëllen déi Lénk och, an zwar schonn zanter 2009, seet de Marc Baum. Hie gleeft ëmmer nach drun, datt Lëtzebuerg an noer Zukunft eng nei Constitutioun kritt, mee et géif een eng seriö gesellschaftlech Debatt brauchen.

Virum definitive Vott an der Chamber soll d'Bevëlkerung zu zentrale Punkte vun der Verfassung befrot ginn an et wier och wichteg, hei déi ganz Populatioun ofstëmmen ze loossen, "an net nëmmen déi Hallschecht, déi d'Wahlrecht huet". Duerno misst d'Bevëlkerung awer nach eng Kéier iwwer de ganzen Text per Referendum ofstëmmen, esou de Marc Baum, och mam Risiko, datt en "Nee" eraus géif kommen. "Dat ass esou bei Referenden, dat ass esou an enger Demokratie, datt een eventuell Iddie presentéiert, déi dann awer keng Majoritéit fannen", esou de Constat vum Marc Baum.