Radioen

On air

De Weekend  |  The Cure - Just Like Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Daf- an héiergeschiedegt Kanner am Schoulsystem

Inclusioun

Daf- an héiergeschiedegt Kanner am Schoulsystem

D'Betreiung vun Héiergeschiedegten an der Schoul wier ganz individuell, seet d’Claudine Muller. Déi betraffe Kanner géife sech an der Regelschoul awer méi Vertraue vun den Enseignante wënschen. D’Léierpersonal kéint awer net alles iwwert d’Problematik wëssen, esou d’Enseignante aus dem Centre de Logopédie.

auto_stories

4 min

D'Claudine Muller ass Enseignante fir héiergeschiedegt Kanner

De Centre de Logopédie huet d’lescht Schouljoer landeswäit iwwer 6.300 Kanner betreit. Dovunner sinn der ronn 260 an der "Logo" zu Stroossen scolariséiert. Et ginn zwou Sektiounen: Eng fir Kanner, déi Problemer an der Sproochentwécklung hunn an eng Sektioun fir Kanner déi héiergeschiedegt sinn. An deem Beräich ginn eng 200 Kanner vum Centre de Logopédie begleet. Zwee Drëttel an der Regelschoul an een Drëttel an der spezialiséierter Schoul.

"Dafstomm" wier ee Begrëff, deen déi Héiergeschiedegt net géife benotzen, seet d'Claudine Muller. Duerch dee Begrëff géife si sech diskriminéiert fillen, esou d'Enseignante am Centre de Logopédie. Déi Concernéiert géife sech der Enseignante no net als stomm gesinn, well si d’Lautsprooch schwätze kéinten. Si kéinte sech artikuléieren, och wann sech d’Sprooch fir Leit, déi normal héieren, komesch unhéiere géif. Dat wier dorobber zréck ze féieren, datt si sech net selwer héiere kéinten a keng Kontroll iwwer hiert Schwätzen hätten, erkläert d'Enseignante fir héiergeschiedegt Kanner. Souguer wann ee ganz daf wier, kéint ee sech iwwert d’Gebärdesprooch an d’Schreiwen ausdrécken.

Depistage

Direkt no der Gebuert vun engem Kand gëtt ee "Screening neonatal" vum Service audio-phonologique vum Gesondheetsministère gemaach. Gëtt do eng Gehéierproblematik fest gestallt, ginn d'Kanner un de "Centre de Logopédie" weidergeleet. Eng Rei "gehéierlos" depistéiert Kanner ginn hautdesdaags direkt fir Operatioune fir Cochlea-Implantater an d’Ausland geschéckt.

Dat géif dozou féieren, datt de "Centre de Logopédie" si eréischt ereeche kéint, wa si scolariséiert wieren, esou d'Claudine Müller. Nämlech dann, wann zum Beispill an der Spillschoul Sproochentwécklungsproblematiken opfale géifen. "Do gi wäertvoll Jore verluer, während deenen eng Fréifërderung vum Centre de Logopédie hätt kënne genotzt ginn."

Cochlear-Implantater

Hörgeräter verstäerke wat een héiere kann. Dacks wieren Héierschiedegungen awer drop zréck ze féieren, datt d’Cochlear, d’Schneck vum Ouer, geschiedegt wier, erkläert d'Spezialistin. An deem Fall géif eng Verstäerkung net hëllefen. Beim Cochlear-Implantat géif an enger Operatioun eng Elektrod am Ouer agefouert ginn, déi mat engem Empfänger verbonnen wier, deen ënnert der Haut léich. Bausse wier e Mikro mat engem Sproochprozesser a mat engem Sender iwwert e Magnéit un der Haut opgesat. Iwwert Induktioun géif d'Signal iwwerdroen, esou d'Claudine Muller.

D’Gehir misst mat deem Implantat nei héiere léieren. Kanner déi nach e bëssen héiere kéinten an eréischt méi spéit implantéiert géifen, missten erëm vu Null ufänken, betount d'Enseignante. Dat wier net wéi wann en eng nei Sprooch géing léieren. De ganzen Héierprozess misst vum Gehir nei geléiert ginn.

Inclusioun

Héiergeschiedegt Kanner wënschen sech méi Vertraue vum Léierpersonal: Dat wier d’Réckmeldung déi si vun de Schüler géing kréien, seet d'Claudine Muller. Der Enseignante no wier et awer normal, datt Enseignanten aus der Regelschoul keng oder wéineg Erfahrung mat héiergeschiedegte Kanner hätten. Dat wier eng ganz spezifesch Problematik, déi sech am technesche Beräich séier weiderentwéckele géif. Dat wier esou guer fir d’Spezialisten eng Erausfuerderung.

Et kéint een net vun all Enseignant erwaarden, datt hien an esou spezifesche Beräicher dauernd um Lafenden wier. Den Encadrement vun de Kanner wier ëmmer individuell a géif zesumme mat den Elteren opgestallt ginn.

Héiergeschiedegter am Méisproochesystem

"Fir Héiergeschiedegter ass eise Sproochesystem nach méi eng grouss Erausfuerderung wéi fir aner Kanner", ënnersträicht d’Claudine Muller. Fréier wier een dovunner ausgaangen, datt Héiergeschiedegter just eng Lautsprooch kéinte léieren. Dat wier haut net méi esou. Et wier awer fir si awer vill méi schwéier fir méi Sproochen ze léieren. "Dat wat mir niewelaanscht u Sprooch léieren, u Wuertschatz, dat geschitt bei Héiergeschiedegten net bäileefeg." Dat wier extrem frustrant fir Schülerinnen a Schüler, déi extrem Efforte misste maachen a super Zensuren hätten, mee déi op Grond vun der Sprooch hiren Diplom net géife kréien.

D'Gebärdesprooch hätt der Spezialistin no nach net dee selwechte Stellewäert zu Lëtzebuerg wéi am Ausland. Et kéint ëmmer virkommen, datt bei engem Héiergeschiedegte säi Gehéier nach méi noléisst. Dofir wier et gutt, wann all héiergeschiedegt Kand niewebäi nach Gebärdesprooch géif léieren.


Vum 20.-21. Oktober ass zu Lëtzebuerg de Kongress vun den Enseignante fir Daf an Héiergeschiedegter.