Radioen

On air

Tockcity  |  Maruja - The Invisible Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Impfunge fir Mannerjäreger?

Däitschland

Däitschland: Impfunge fir Mannerjäreger?

An Däitschland ginn d'Diskussioune weider, ob Kanner a Jugendlecher sollen geimpft ginn - besonnesch mat Bléck op d'Rentrée am Hierscht an d'Delta-Variant, déi sech séier verbreet.

auto_stories

2 min

Wärend haut zu Lëtzebuerg déi éischt Impfinvitatiounen u Mannerjäreger verschéckt ginn, bléift een an Däitschland skeptesch wat d'Vaccinatioun vu Kanner a Jugendlechen ugeet. D'Ständige Impfkommission wollt jo keng generell Recommandatioun fir esou eng Impfung ausspriechen a sot d'Faktelag wier hei nach ze dënn an de Risiko vun enger gravéierender Covid-Erkrankung ze kleng. Dofir sollen nëmmen déi Jonker tëschent 12 a 17 Joer geimpft ginn, déi gewëss Virerkrankungen hunn.

Den SPD Gesondheetsexpert Karl Lauterbach seet awer dës Aschätzung géif sech op den urspréngleche Virus bezéien, dat misst een elo ugesiichts vun der méi ustiechender Delta-Mutatioun iwwerdenken. D'Risike vun enger Infektioun mam Virus wiere vill méi grouss wéi déi vun der Impfung. Och Kanner kéinte Long Covid entwéckelen an bei héijen Infektiounszuele wier keen normale Schoulbetrib méiglech, sou de Lauterbach. Mat Bléck op den Hierscht sot de Politiker, datt Kanner an net-vaccinéiert Persoune richteg Problemer kéinte kréien. Dofir wier et wichteg, datt d'Ständige Impfkommission hier Recommandatioun géing iwwerdenken an upassen.

Vläicht kënnt nach en Ëmdenken wann d'Infektiounszuelen nees klammen

De Jörg Dötsch, President vun der däitscher Gesellschaft fir Kanner- a Jugendmedezin sot der "Rheinischen Post" gëschter, et géif ee sech och weiderhin un de Richtlinnen vun der Stiko orientéieren, doru géif och d'Delta-Variant näischt änneren. D'Gesondheetsrisiken duerch eng Coronainfektioun wiere fir Mannerjäreger sou geréng, datt och Ofwaarde vun néien Erkenntnisser iwwert d'Vaccinatioun eng Optioun fir Léit mat Bedenke ka sinn, sou den Dötsch.

Déi däitsch Gesellschaft fir Immunologie a Form vun hirem Generalsekretär Carsten Watzl huet iwwerdeems am "ZDF Morgenmagazin" gewarnt, datt d'Schoulen e groussen Infektiounsrisiko kéinte ginn, wann d'Kanner net vaccinéiert sinn. Och wann de Verlaf hei net schwéier wier, géife si awer dozou bäidroen, datt de Virus sech verbreet.

Beim Impfweltmeeschter Israel gouf et och laang Zäit keng offiziell Recommandatioun fir Mannerjäreger ze impfen. Wéinst der Deltavariant an de villen Neiinfektioune réit d'Regierung elo awer dozou och déi Jonk tëschent 12 a 15 Joer ze vaccinéieren. En Ëmdenken, dat jo villäicht och an Däitschland nach asetzt, wann d'Infektiounszuelen nees klammen.