Radioen

On air

Resonanzen  |  Ludwig van Beethoven - Serenade fir Flütt a Piano a Ré Maj., Op. 41, V. Allegro scherzando e vivace - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Politik beméiht sech em afghanesch Uertskräft

Afghanistan

Däitschland: Politik beméiht sech em afghanesch Uertskräft

Bis zu 40.000 Leit, déi nach an Afghanistan sinn, kéinte berechtegt sinn, an Däitschland anzereesen. An d'Land well sou vill wéi méiglech vun hinnen eraushuelen, obwuel dat iwwer de Loftwee zënter e Méindeg net méi geet. Däitschland plangt dofir ronn eng hallef Milliard Euro an.

auto_stories

2 min

Den däitschen Ausseminister Heiko Maas ass an dëser Deeg e vollzäitbeschäftegte Mann. Usbekistan, Tadschikistan, an aktuell Pakistan - den SPD-Politiker ass op diplomatescher Missioun. D'Zil: Mat den Nopeschlänner vun Afghanistan ze schwätzen. Iwwer d'Fro, ob Däitschland nach afghanesch Uertskräft iwwer de Landwee a Sécherheet kritt. Fir de Nopeschlänner an der aktueller Situatioun ze hëllefen, stellt Däitschland 500 Milliounen Euro an Aussiicht. Als humanitär Hëllef an fir d'Versuergung vu Refugiéeën.

An de leschte Wochen huet Däitschland ronn 5.300 Afghanen iwwer de Flughafe vu Kabul ausgeflunn. Wéi d'Kanzlerin Angela Merkel Ufank der Woch sot, wieren nach tëscht 10.000 a 40.000 Leit berechtegt, an Däitschland opgeholl ze ginn - well se eben an der Vergaangenheet den däitschen Institutiounen an Afghanistan an iergendenger Form gehollef hunn.

Zwar ass nach net kloer, wéi vill vun deene Leit d'Land wëlle verloossen, mee Däitschland fillt sech hinne verflicht, dat huet d'Angela Merkel nach eng Kéier ënnerstrach. Dofir wier ënner Ëmstänn och néideg, mat den Taliban ze schwätzen.

"Es ist jetzt wohl zu unterscheiden von jeder diplomatischen Anerkennung, es geht einfach nur darum überhaupt Diplomaten in der Nähe zu haben, die mit den Taliban reden können. Die Taliban verlagern ihre Präsenz von Doha nach Kabul in diesen Tagen."

Vill Kritik vun der Oppositioun

Däitschland well sech dann och doru bedeelegen, de Flughafe vu Kabul nees zum Lafen ze bréngen. Dat géif allerdéngs, sot d'Kanzlerin, dovun ofhänken, ob d'Taliban Ausreesen wéi ugekënnegt wäerten zouloossen oder net.

Dozou sot den Heiko Maas den Dënschdeg:

"Wir bereiten uns, weil es diese Zusage gibt, zusammen mit anderen daruaf vor, Menschen, sobald der Flughafen wieder operabel ist - und wir hoffen, dass das in einem überschaubaren Zeitraum der Fall ist - für besondere Charterflüge zur Verügung steht und Menschen über den Flughafen ausgeflogen werden."

Déi politesch Oppositioun huet d'Ustrengungen vum däitschen Ausseminister allerdéngs kritiséiert. D'Rees kéim ze spéit, heescht et zum Beispill vun der liberaler FDP. Däitschland wier elo ofhängeg vun den Taliban.

Och d'Bündnis90/Die Grünen kritiséiert, datt d'Feeler vun de leschte Méint net méi kéinte guttgemaach ginn. De fréiere Bundesminister Jürgen Trittin sot, d'Land hätt sech duerch säin Handelen erpressbar maache gelooss.