Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Kersch begréisst Référé vum Verwaltungsgeriicht

Aleba

Dan Kersch begréisst Référé vum Verwaltungsgeriicht

Am gewerkschaftleche Muechtkampf am Bankesecteur gesäit den Dan Kersch sech duerch e rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert: D'ALEBA hat d'lescht Woch e Schnellverfare verluer, fir hir sektoriell Representativitéit temporär erëm zréckzekréien. D'Aleba dierf elo bis op Weideres keng Kollektivverträg méi ouni den OGBL an den LCGB ënnerschreiwen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Verwaltungsgeriicht huet sech am Référé un d'Appreciatioun vum Aarbechtsminister gehalen. D'Aleba hätt weder bei der Wal fir d'Chambre des Salariés eng Majoritéit vun de Stëmmen am Secteur kritt, nach hätt d'Gewerkschaft e Minimum vu 50 Prozent vun de Stëmme kritt fir d'Delegéiert an de Betriber.

De Benoit Entringer, Affekot vun der ALEBA, hat argumentéiert, d'Resultater vun den Delegatiounswale wieren net kloer:

"Mir hu keng kloer Info, keng offiziell Donnéeën, wéi vill Suffragen datt mer tatsächlech kritt hunn. Mir wësse just: mir hu méi Deleguéen an den Entreprisë wéi déi zwou aner Gewerkschaften zesummen, dat heescht mir hunn méi wéi d'Hallschent vun den Deleguéen. Ob mer méi wéi d'Hallschent vun de Suffragen hunn ass vläicht net ganz kloer. Et misst jo an engem demokratesche System dat nämmlecht sinn, dat misst jo representativ sinn, schéngt awer hei méi komplizéiert ze sinn."

Fir den Dan Kersch gëtt et nom Référé vum Verwaltungsgeriicht wéineg Interpretatiounsraum:

"Deen Element ass vun der ITM gekuckt ginn an och do ass d'Analys ganz kloer: och wann een iwwer dee Wee géif fueren, da wier kloer rauskomm, datt d'Aleba déi Representativitéit net méi hätt."

Bis d'Urteel gesprach ass, dierft d'Aleba net eleng mam Patronat e Kollektivvertrag ënnerschreiwen. Och den OGBL gesäit dat op Nofro hi sou. D'Verhandlunge sinn nach am Gaangen. D'Assurancen- a Bankepatronat muss elo mat dräi Gewerkschaften zu engem Accord kommen, an net just mat der Aleba.