Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Kersch: Kierchefabricke mussen ofgeschaaft ginn

Trennung vu Kierch a Staat

Dan Kersch: Kierchefabricke mussen ofgeschaaft ginn

Den Inneminister Dan Kersch seet, hie géif aus dem Bréif vu Bistum a Syfel erausliesen, datt probéiert géif ginn, fir d’Kierchefabriken z’erhalen. Dat géif der Positioun vum Bistum widderspriechen an dat wier net akzeptabel. De Bistum misst sech un d'Konventioun halen, déi ënnerschriwe gouf. An där steet, datt d'Kierchefabriken ofgeschaaft ginn.

auto_stories

2 min

Inneminister Dan Kersch (Archivphoto radio 100,7)

Am Sträit ëm de Kierchefong gëtt et eng grondsätzlech Eenegung tëscht dem Bistum an dem Daachverband vun de Kierchefabricken (Syfel). Dat hu béid Säite gëschter matgedeelt.

Dem Pressespriecher vun der Kathoulescher Kierch Roger Nilles no géif et am Konsens ëm véier Punkte goen:

  • d'Befreiung vun de Gemenge vun hire gesetzleche Verflichtunge géintiwwer de Kierchefabricken
  • d'Personnalité juridique an d'Fusioun vun de Kierchefabricken
  • d'Klärung vun de Besëtzverhältnisser vun de Kierchegebaier
  • d'Ariichte vun engem Kierchefong

D'Virschléi wieren dem Inneminister Dan Kersch schrëftlech matgedeelt ginn. Soulaang ee keng Äntwert vum Dan Kersch hätt, wéilt een net op d'Detailer agoen, esou de Kierche-Spriecher. Deemno léich de Ball elo beim Minister, huet de Roger Nilles betount.

Den Inneminister Dan Kersch wëllt de Bréif nach am Detail analyséieren. Hie géif awer erausliesen, datt d'Konventioun, déi vum Bistum mat ënnerschriwwe gouf, a Fro gestallt géif ginn. Dat géif d'Regierung net gutt heeschen, esou de Minister.

"Et ass elo schwéier eng endgülteg Ausso doriwwer ze maachen. Mee wat fir mech kloer ass: d'Kierch ass déi eenzeg, déi doriwwer ze bestëmmen huet, wéi den zukünftege Fong soll funktionéieren. Wann de Bistum domat averstanen ass, fir ënnerhalb vun deem Fong weider Entitéiten ze schafen, déi och eng Personnalité juridique kréien, dann ass dat der Kierch hir Ugeleeënheet. A wa si sech doriwwer mam Syfel eens ginn, dann ass dat fir mech kee Problem. Wat fir mech e Problem géif ginn, dat ass, wa géif a Fro gestalt ginn, wat de Bistum zesumme mat der Regierung ënnerschriwwen huet, nämlech datt den Dekret vun 1809 géing ofgeschaaft ginn an domat och d'Kierchefabricken. Wann dat géif a Fro gestalt ginn, da misst ech mech engem Accord opposéieren".

Hien hätt och mëndlech Erklärunge vun den zwou Parteie kritt, déi géifen undeiten, datt d'Konventioun aus dem Joer 2015 net agehale géif ginn. De Kierchefong an d'Ofschafe vun de Kierchefabricke géifen also a Fro gestallt ginn.

Nach dëse Mount sollen e puer Amendementer um Gesetzesprojet gemaach an de Projet dem Staatsrot da virgeluecht ginn, esou de Minister. Hie wier a permanentem Dialog mam Bistum.

Radiobäitrag - Accord Bistum a Syfelplay_arrow