Radioen

On air

Notturno  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dänemark wëllt onofhängeg vu russesche fossille Brennstoffer ginn

Konkrete Plang virgeluecht

Dänemark wëllt onofhängeg vu russesche fossille Brennstoffer ginn

D'dänesch Regierung huet haut hire Plang virgestallt fir komplett vum russesche Gas onofhängeg ze ginn. D'Regierungscheffin Mette Frederiksen hat ufangs leschte Mount annoncéiert datt dat soll esou séier ewéi méiglech passéieren. D'Alternativen déi de Plang heifir proposéiert si Fernwärme, Wärmepompelen, Biogas an erneierbar Energien.

auto_stories

2 min

De Plang gesäit vir, datt an de nächste sechs Joer d'Hallschent vun de 400.000 Stéit, déi sech den Ament nach mat russeschem Gas hëtzen, op Fernwärme ëmrëschten. Wou dat net méiglech ass, sollen elektresch Wärmepompelen oder de sougenannten "grénge Gas" an den Asaz kommen, deen am Land selwer gefërdert gëtt, ënnert anerem an der Nordséi. Do soll d'Produktioun dann och eropgesat ginn. Et wier besser, Gas an der Nordsee zu fërdere wéi ës vu Kremlchef Wladimir Putin zu bezéien, zitéiert d'Deutschen Presseagentur d'Regierungscheffin.

Eng weider Pist, déi de Plang ugëtt, ass de Biogas aus Biomass.

Och d'erneierbar Energië solle weider ausgebaut ginn. Bis 2030 soll d'Zuel vun de Solar-Parken a Wandkraaft-Anlagen iwwer Land vervéierfacht ginn. Haut scho gëtt an Dänemark d'Hallschent vun der Elektrizitéit vu Wandanlage produzéiert.

Theoretesch Enn 2023 onofhängeg vu russeschem Gas

De Gas mécht ronn e Fënnefte vum däneschen Energieverbrauch aus. 2019 konnt d'Land selwer just eng 72 Prozent vu senge Besoinen decken, esou déi national Energieagence. Russland gehéiert zu de gréisste Gas-Fournisseuren.

Theoretesch kéint Dänemark schonns Enn 2023 komplett vum russesche Gas onofhängeg sinn, esou nach déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen. Mee well een Deel vum europäesche Gasnetz wier, wier een eréischt och wierklech onofhängeg vum russesche Gas wa ganz Europa et wier.