Radioen

On air

Tockcity  |  Ezra Collective, Joy Anonymous & Sampa The Great - JOY (Life Goes On)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ [...] "dans la mesure du possible"

Lëtzebuerger Sprooch

[...] "dans la mesure du possible"

auto_stories

1 min

Wann een eng Ufro un eng Verwaltung stellt, da soll d'Äntwert "wa méiglech" an där Sprooch formuléiert sinn, an där d'Fro gestallt war, dat gesäit d'Sproochegesetz vun 1984 vir. D'Asbl Actioun Lëtzebuergesch freet, datt Verwaltungen ëmmer an där Sprooch äntweren, déi an enger Ufro benotzt gëtt. "Dat wier eng raisonnabel Demande", seet de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch op Nofro. Dem Marc Barthelemy no kéint d'Gesetz deementspriechend ugepasst ginn. Als éischt misst awer nach gekläert ginn, wéi vill iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch an déi nei Verfassung stoe kënnt.


Den Interview vum Mick Entringer mam Marc Barthelemy:

Lauschterenplay_arrow