Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dans le darkweb tout a une valeur"

No Dateklau

"Dans le darkweb tout a une valeur"




Den Dateklau vu medezineschen Donnéeën ass keen neie Phänomen, gëtt den Experten no awer méi heefeg. Wéi ginn iwwerhaapt d'Donnéeë vu Millioune Leit geklaut? A firwat si medezinesch Donnéeën, wéi déi vun engem Laboratoire, interessant? Déi Froe stelln sech nom Dateklau beim Labos-Reseau Cerba, dem Mammenhaus vu KetterThill.


auto_stories

2 min

Dateklau kann op verschidde Manéiere geschéien. Entweder gëtt en Netzwierk gehackt fir un d'Daten ze kommen, mee a ville Fäll ass et och ganz banal e Manktem u Sécherheets-Standarde vun engem Server, wouduerch jidderee potentiell Accès op déi gespäichert Donnéeë krit. Den David Sygula schafft fir d'franséisch Startup Cybelangel, déi sech op d'Recherche vu Dateklau spezialiséiert. Hie seet datt de Fall vum Laboratoire Cerba-Healthcare en typesche Fall wier, deen een heefeg géif gesinn.

"Dans la plus grande partie des cas, ce sont des serveurs de prestataires, qui sont moins bien securisés, qui ont des petites anomalies dans leur reseau, qui font que le serveur qui a été censé être protégé, ne va finalement pas l'être et donc se met à exposer des donnnées qui concernent la société."

Den Intérêt fir perséinlech oder medezinesch Donnéeën ze klauen? Fir se um Darkweb ze verkafen. Do hätt alles eng Valeur, esouguer ofgelafe Kreditkaarten, esou den David Sygula. Mat dësen Donnéeë wiere Fraude, Spam an Erpressung méiglech.

"Fraude à l'assurance, grâce à des vraies données pour se faire rembourser des soins qui n'existent pas. Chantage, très souvent, quand je connais ça de toi, par exemple voici une base de données d'emails qui ont tel maladie, ce qui interéresse les spammeurs."

De Risiko vun Erpressung géint eng Entreprise wei Cerba wier e weidere cas de figure.

"La personne peut dire 'j'ai toutes vos données, Vous allez me payer tant et puis je vous garantie que je ne les publie pas'."

Cerba huet gesot, bis elo hätt de Labo keng Indikatioune fir eng kriminell Utilisatioun vun den Donnéeën, déi geklaut goufen.